Dalton Bridder (Lucky Luke)

Vu Wikipedia
Dalton Bridder
Createur Morris, René Goscinny
Ass en(g) fiktive Famill
Universum
Present am Lucky Luke

D'Dalton Bridder (fr: les frères Dalton), si véier Personnagen aus de Geschichte vum Lucky Luke, déi vum Zeechner Morris a vum Zeenarist René Goscinny erfonnt goufen. Si sinn déi fiktiv Kosenge vun den historeschen Dalton Bridder.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

Et handelt sech ëm véier Bridder, déi sech vum Gesiicht hier zimmlech gläichen, mee all e Kapp Ënnerscheed an der Héicht hunn: Den Joe, den Jack, de William an den Averell. Den Joe, dee klengste ma och deen eelste vun hinnen, ass meeschtens de Chef vun der Band. Hien ass e Choleriker a Kläpper, an huet et béis op de Lucky Luke sëtzen. Den Averell ass dee Gréissten, ma och deen Dommste vun hinnen. Wéi de Mupp Rantanplan, dee sech gutt mat him versteet, ass hien zimmlech verfrooss, a wéinst sengem einfache Geescht ongewollt och méi éierlech wéi déi aner. Den Jack an de William si manner staark charakteriséiert (jee no Album wiesselt esouguer den Numm tëscht dem 2.- an 3.-Gréissten).

Vereenzelt spillt och hir Mamm, d'Ma Dalton, eng Roll an de Geschichten; si ass méi geféierlech wéi déi véier zesummen.

D'Dalton-Bridder ginn dacks an hirer giel-schwaarz-gesträifter Prisongsuniform duergestallt.