Dasymeter

Vu Wikipedia
Dasymeter bei Normaldrock
Dasymeter ënner Vakuum

En Dasymeter ass ee klengen Apparat fir den Opdriff vun der Loft ze beweisen.

E besteet aus enger Wo, wou op enger Säit ee grousse Kierper mat enger klenger Densitéit an op der aner Säit ee klenge Kierper mat enger héijer Densitéit hänkt. D'Massegewiicht vun deene zwéin ass dat selwecht bei normalem Loftdrock, soudatt d'Wo am Gläichgewiicht ass.

Wann een dësen Apparat an ee loftdichte Raum setzt an d'Loft aus deem erauszitt, da geet déi Säit mat deem grousse Kierper no ënnen. Et ass am Fong geholl eng Uwennung vum Prinzip vum Archimedes.