Diskussioun:Äispisten op der Kockelscheier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Net secher wéi ee Lemma am beschten heifir ass, duerfir hunn ech den Numm geholl, deen och op der offizieller Websäit benotzt gëtt: Patinoire de Kockelscheuer (ënner "Contactez-nous"). Den LOD iwwersetzt Patinoire mat Äispist, mee well dat hei eng Hal ass mat dräi Äispisten ass dat vläit net ganz richteg fir dësen Artikel.--Bdx (Diskussioun) 08:06, 27. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Esou gesinn ass "patinoire" an der Eenzuel dann och falsch. Ech proposéieren "Äispist vu Kockelscheier", vu mär aus och an der Méizuel. De Rescht ass fir d'fr-wiki. --Otets 10:51, 27. Feb. 2014 (UTC) Aner Iddi: "Äishal op der Kockelscheier". Domat ass de Problem elegant ëmgaangen. --Otets 11:56, 27. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Dann och Äispisten wa mer scho vu Méizuel schwätzen. Piste si besser wéi d'Halen well meeschten gët Schlittschung op de Piste gefuer. A wa Patinoire de Kockelscheuer den Numm vun der Saach ass wéi se sech selwer nennt, firwat soll deen dann net sou als Lemma gebraucht ginn. --91.180.210.198 12:35, 27. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Si nenne sech op Franséisch esou, net op Lëtzebuergesch. Hire Site ass op Franséisch, do fënns de näischt aneschters, et wier jo och onlogesch eng Säit u Fransousen ze riten an dann do op Lëtzebuergesch oder Kisuaheli ze schreiwen. Dee Site hëlleft also net weider. --Otets 13:40, 27. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Mir ass et amfong egal. Wee wëll, dee kann änneren wat e fir richteg hällt.--Bdx (Diskussioun) 14:52, 27. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Ok, ech huelen dann d'Méizuel, wéi d'IP gesot huet. --Otets 15:44, 27. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]