Diskussioun:Béiwen-Atert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ween huet elo Recht: d'Bild schwätzt vun "Obenthalt", an d'Uertschaften an der Gemeng vun "Openthalt". Wéi ass et dann elo? --Otets 11:01, 1 Mee 2005 (UTC)

Tja, dat ass nees e Beispill vun de "Lëtzebuerger Verhältnesser". Wéi ech "zoufälleg" dat Schëld gesinn hat, wollt ech dat (ech hunn der nach e puer mat deeërselwechter Logik) emol virstellen. De Numm ass schonns méi al wéi eis "nei" Schreifweis. D'Perfektioun ass ebe net vun dëser Welt. Fir eng Gemeng, déi hiren eegenen Numm net kennt (mär hate rieds) ass et net weider verwonnerlech. - "Wéi ass et dann elo?" Mer behalen eis Foto (ech retuschéieren d'Foto also net) a mer behalen eise Numm Openthalt, dee kënnt jo vu "sech ophalen". (Josy Braun et. al). Ech ännere just den Ënnertitel vum Bild. Kuck der mol dat Munnerefer Schëld un, wat ech de Mueren (ëm déi selwecht Zäit) dragesat hat. Ass dat net léif? - - An elo net gemeckert well ech "Stroosse"-Schëld (et steet jo bei der Strooss) geschriwwen hunn :-))) --Cornischong 11:53, 1 Mee 2005 (UTC)

Datt Béiwen-Atert zum Kanton Miersch gehéiert, steet schonns eng Zäitchen an der Këscht drageschriwwen. --Cornischong 11:09, 11 Juli 2007 (UTC)