Diskussioun:Bauschelt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gehéiert d'Misärsbréck net och nach "zur Halschent" zu der Gemeng? --Tomateus 17:09, 17 Februar 2007 (UTC)

Tel: 99 30 12 (Méindes zou) --Cornischong 17:24, 17 Februar 2007 (UTC)


Moien,
D'Misärsbréck selwer gehéiert dem Staat. Les Meloures 17:30, 17 Februar 2007 (UTC)
War d'Fro net: zu watfir enger Gemeng d'Bréck gehéiert? --Cornischong 17:38, 17 Februar 2007 (UTC)


Rebonjour,

Fir erauszefanne wéivill vun der Misärsbréck op der enger oder op der aner Gemeng steet misst en den Urkadaster am Grapp hunn, well op deem de Waasserlaaf nach a senger aler Form drop ass. Duerch de Bau vun der Bréck ass d'Baach mat grousser Warscheinlechkeet geréckelt ginn. D'Gemengegrenz gëtt vun der Sauer gemaach a läit dee Moment an der Mëtt vun der Baach. Well awer elo do gestaut ass wees en net méi genau wou d'Baach gelaaf ass. Les Meloures 17:43, 17 Februar 2007 (UTC)

Houfels, eppes fir an d'Zopp?[Quelltext änneren]

Et ass interessant, datt Houfels eppes Kuckeswäertes sollt sinn. Just, ëm wat geet et iwwerhaapt? --Cornischong 10:49, 21 Mäerz 2007 (UTC)