Diskussioun:Bluttbuch zu Boufer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 30 m; Emfank op Broschthéicht: 2,01 m." A firwat goufe keng nei Moosse geholl? --Cornischong 00:30, 18. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Dësen Artikel soll weg geläscht ginn. D'Bluttbuch gëtt elo am Artikel Park zu Bouferdeng beschriwwen. --Cayambe 16:09, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Firwat weist den Artikel "Park zu Bouferdeng" net einfach op dësen Artikel, dat wier och méi einfach vis-à-vis vun eiser Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem. Läsche géif ech sowisou net, héchstens e Redirect maachen. --Otets 16:30, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dat ass natiirlech och méiglech. Ech mengen et ass awer méi kompakt a sënnvoll d'Beem am Park-Artikel ze behandelen.
Sou ass et jo och beim Park zu Heeschdref... an ech stelle mer et och esou vir bei de Parken déi nach komme wäerten (Suessem, asw). Am anere Fall muss een als Lieser zwëschent relativ ville Säiten hin an hier sprangen... wat déi meeschte warscheinlech net maache wäerten. Wann d'Beem am Park-Artikel stinn, bleift ee vläicht éischter derbäi fir sech s'unzekucken. --Cayambe 16:39, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,
Perséinlech sinn ech derfir fir den Artikel bäizebahalen, schonns eleng well en an der Kategorie vun de Bemierkenswäerte Beem steet. Soss verschwënnt en och do. Wann ech den Artikel vun de Paräisser Gebaier kucken, wou alles an een Artikel geklakt gouf, gi mer Dronkenellen aus. Et ass jo net wéi wa mer Pabéier misste spueren  :-)

Les Meloures 17:01, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Ok, et liicht mer elo an: de Parkartikel geng effektiv iwwerlueden, besonnesch wéinst de Fotoen. Ech bauen also ëm. :-) --Cayambe 17:05, 22. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

D'Bild Bluttbuch Bouferdeng 1.jpg ass net méi verlinkt a soll geläscht gi weg. --Cayambe 07:20, 23. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gouf geläscht. --Pecalux 09:44, 23. Mee 2008 (UTC)[äntweren]