Diskussioun:Botanesch Gäert zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, Ee Lemma mam Arboretum am Neumannspark. Firwat? Soll hei net den Neumannspark wéi en dacks genannt gëtt (kuckt och d'Broschür vun der AAT) deen ausser dem Arborteum och nach aner Planzen opzeweisen huet als Ganzt behandelt ginn. Doriwwer eraus ass eng Parti vum fréieren Arboretum sech selwer iwwerlooss ginn, sou datt sech no an no do eng naturähnlech Situatioun gebilt huet. Ech mengen dat kann een net méi als Arboretum bezeechnen, a sollt duerfir menger Meenung an engem Aufsatz iwwer de ganze Park matbehandelt ginn. Les Meloures 19:01, 17. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, ech kennen déi Situatioun net gutt, deen Arboretum gëtt an enger Broschür vun der Stad Lëtzebuerg presentéiert. Ech denken, de Park misst ee Lemma sinn, den Arboretum vun dem Park, ob en nach existéiert oder net, en aneren. --Christian Ries 21:21, 17. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Salut wann s de mengs datt soll esou sinn da sollen awer och déi zwéi Lemmaen op der Säit opgefouert sinn. Les Meloures 21:32, 17. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]