Diskussioun:Boufer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Um Stroosseschëld steet Boufer.
Boufer kënnt och an verschidden Artikelen an dëser Wiki vier, z.B. Marcel Nopeney. Cayambe 17:10, 15. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Mëtteg,
Mir hunn hei op der Wiki scho festgestallt, datt d'Schëlter vu Ponts e chaussées keng Referenz fir de richtegen Uertschaftsnumm sinn. Den LOD huet op jidder Fall emol a senger Lëscht Bouferdeng als Variant fir Boufer stoen. Dat sollt op d'mannst awer am Artikel ernimmt ginn. GilPe (Diskussioun) 14:58, 29. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Soll ech et dra setzen oder méchs du dat? --2A02:A03F:A199:6C00:1CAE:65D4:3FE9:398D 15:00, 29. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech maachen et, et sinn nach aner Klengegkeeten unzepassen. Merci GilPe (Diskussioun) 15:09, 29. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Super :-) --Puscas (Diskussioun) 15:15, 29. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]

Kapell <> Kierch[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Ech liesen: „1886 ass mat dem Bau vun eng klenger Kierch ugefaange ginn“ (…) an „Den 20. Juni 1887 gouf d'Boufer Kierch ageweit.“ Do ass weeder rieds vun enger Kapell nach vun engem Neibau an dowéinst mécht de Saz „(nach ëmme wéi virun dem Neibau "Kapell" genannt)“ kee Sënn… Dat misst ëmgeschriwwe ginn, fir datt een dat richteg versteet. Merci ~~~~ GilPe (Diskussioun) 16:05, 29. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]

Boufergaass[Quelltext änneren]

D'Boufergaass (haut rue Théodore Pescatore) geet erof un d'Uelzecht, wou fréier villäicht eng Fuert op Mëlleref eriwwer bestoung.

Déi Ausso stëmmt net. D'Strooss geet bis bei d'Eisebunn an net bis op d'Uelzecht. Wa se fréier bis op d'Uelzecht sollt gaange sinn da misst ee schonn eng Quell dofir kënnen uginn an dat am Text och korrekt duerstellen. Grad sou fir déi Fuert déi et soll ginn hunn. Mat villäicht ass hei net vill gedéngt. --Les Meloures (Diskussioun) 20:23, 18. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Souguer mat open sources kann ee gesinn, dass d'Strooss nach haut bis un d'Uelzecht (d'Uelzechtwise) geet, iwwer den Zuch ewech. Pblasen (Diskussioun) 01:50, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Loftbild vun 2021 --Les Meloures (Diskussioun) 10:06, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

An? Woumadder beleet dat Är Ausso, dass d'Strooss nëmme bis bei d'Eisebunn geet? An et ass ganz normal, ze schreiwen, eng Strooss géif bis un e Floss goen, wann se bis un d'Bett vun deem Floss geet.
Ech verstinn Är Politique net, Här Beideler. Ären eenzegen Intérêt schéint ze sinn, den Internauten ze weisen, wat Dir gutt Lëtzebuergesch kënnt an dass Dir e savoir universel hutt. Dir drot näischt bäi zu den Artikelen, au contraire, Dir verdierft de Professionnellen, déi aus Freed u Wikipedia matschaffen, all Loscht, weiderzefueren, well Der op Kommaë reit. Dobäi sollt et dach grad am Intérêt vu Wikipedia sinn, d'Leit dozou ze kréien, fir matzeschaffen. Pblasen (Diskussioun) 10:24, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Ma sidd dir da blann. Um Loftbild gesäit een dach gutt datt tëscht der Eisebunn an der Uelzecht, do wou dir sot datt eng Strooss wier, eng sechzeg Meter laang Heck steet. Och op den topographesche Kaarten vun 1900 un ass kee Wee do agezeechent de bis bei d'Baach geet. An Enzyklopedien ass et wéi dir sot ganz normal déi korrekt aktuell Situatioun duerzestellen. Ech wees mol net op d'Barriär nach besteet. Mä dat misst dir jo da besser wëssen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:35, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Elo si mer schonn op engem neien Niveau ukoum, wou Der mer sot, ech wier blann. "D'Strooss geet erof un d'Uelzecht" heescht net, dass se an d'Uelzecht geet (déi iwwregens keng Baach ass). An op d'Barrière nach besteet oder net, kënnt Der jo ganz séier erausfannen, wann Der iergendwéi am Internet kënneg sitt.
Ärt Behuelen ass onméiglech an Är Diskussiounssäit témoignéiert genuch dovun, dass der Är Stellung als Administrator ausnotzt, fir d'Leit erofzekanzelen, fir Saachen a Fro ze stellen, vun deenen Der näischt wësst a fir schlussendlech d'volontaire Mataarbechter u Wikipedia erauszeeekelen. Dir maacht dat futti, wat Dir selwer an aner Leit versicht hutt, opzebauen, anscheinend just, well et Iech gefällt, de Leit op d'Fanger ze klappen, souguer wann der keng Ahnung hutt, em wat et geet. Pblasen (Diskussioun) 11:56, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech mengen dir schwätzt vun enger aktueller Situatioun déi dir guer net kennt. An enger Enzxklopedie zielt dat wat effektiv do ass a wat de Lieser kann novollzéien. --Les Meloures (Diskussioun) 16:35, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Dir kennt Boufer net, Dir kuckt emol net no op den open sources, déi Iech zur Verfügung stinn, Dir wëllt hei basescht Lëtzebuergesch net verstoën, an Dir hutt de Culot, ze behaapten, ech géif vun enger Situatioun schwätzen, déi ech net géif kennen. Esou, wéi een Iech op Ärer Diskussiounssäit geschriwwen huet: pénibel Äntwerten! Pblasen (Diskussioun) 16:42, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech si baff Les Meloures (Diskussioun) 17:56, 19. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]