Diskussioun:Camille Pauly

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

No der Primärschoul zu Dippech ass de Camille Pauly an de Stater Kolléisch gaangen wou hie kuerz virun der däitscher Invasioun d'Première gemaach huet.

Dat ass net ganz gutt méiglech, ausser en hätt op d'mannst zwou Klassen iwwersprongen. --2A02:A03F:A199:6C00:15F4:411A:6873:BA8C 10:55, 22. Abr. 2023 (UTC)[äntweren]
Esou steet et awer am Buch: Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. Luxembourg, La mémoire socialiste, 329 p. (Camille Pauly: S. 149). op der Säit 149 Robby (Diskussioun) 12:34, 22. Abr. 2023 (UTC)[äntweren]
Wann déi keng weider Erklärung dozou ofginn, da muss een dervun ausgoen datt et en Iertum ass.
1923 gebuer, da geet en 1929 an d'éischt Schouljoer an 1935 (wann en nëmme 6 Joer Primär meecht, wat déizäit ganz rar war) an de Kolléisch. De Kolléisch dauert 7 Joer da si mer 1942.
Doriwwer eraus ass et onwarscheinlech datt 1940 de Premièresexamen Enn Abrëll oder uganks Mee gewiescht wier.
--2A02:A03F:A199:6C00:15F4:411A:6873:BA8C 14:04, 22. Abr. 2023 (UTC)[äntweren]