Diskussioun:Christian Bourkel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"...an d'Loire-Atlantique geplënnert, wou hien um Nouillon zu Les Baux-de-Breteuil am Departement Eure en Antikitéitebuttek huet" steet am Artikel.

Also: De Christian Bourkel ass an d'Departement Loire-Atlantique geplënnert, wou hien am Departement Eure e Buttik huet. Iergend eppes klappt do net.--Fliedermaus 08:53, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Gouf verbessert. Les Meloures 09:10, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,

Merci fir deng Annerung, mä do ass nach ëmmer e Problem: D'Departement Eure läit an der Regioun Haute-Normandie. Ass de C.B. dann elo an d'Regioun Haute-Normandie geplënnert?--Fliedermaus 09:22, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Ech war alt erëm eng Kéier ze haselech an hunn dat elo g'ännert.

E gëtt an der Lëscht vun den Antiquairen op jiddwerfall zu Les Baux-de-Breteuil gefouert. Ech hunn och scho probéiert fir un en ze kommen, krut bis elo awer ëmmer eng Äntwertmaschinn op d'Strëpp. Soubal wéi ech un e komme gi mer méi gewuer, an ob alles nach esou stëmmt. Ech hoffen datt dat net ze laang dauert. Les Meloures 09:57, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Hei gëtt gesot e kéim aus der Loire-Atlantique.

D'Sich geet weider Les Meloures 10:18, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]