Diskussioun:Clairefontaine (Arel)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir mam Folklor virunzefueren: den Artikel "Clairefontaine (Arel)" muss och nach onbedengt op "Badeburg" geréckelt ginn.

--Fliedermaus 11:15, 9 Januar 2007 (UTC)

Wann dat esou ass, da réckel et Les Meloures 11:30, 9 Januar 2007 (UTC)

"Wann dat esou ass": Folklor hate mer an de leschten Deeg nawell genuch. An: Firwat Badeburg, wier et dann net "Badebuerg" ? Oder dach net? Ech war virun enger gudder Woch do wéinst den Ausgruewungen; um Schëld vun der Uertschaft steet "Clairefontaine". Ech hunn nom Otets an no der Fliedermaus do gefrot (d'Leit am Haus nieft der Kapell schwätze Franséisch), 't huet keen déi do kannt. An elo denken ech drun: Iwwer d'Limonadsfabrik vu Clairefontaine huet nach ëmmer keen en Artikel geschriwwen. --Cornischong 12:19, 9 Januar 2007 (UTC)

Meng Bemierkung war ironesch gemengt. Ech fannen et Mumpitz fir e Lemma vun engem auslännesche Uertschaftsnumm moridus wëllen op lëtzebuergesch ze schreiwen an duerno weess kaum een (fir net ze soen keen) wat domat gemengt ass. Ech hunn op jidde Fall nach nie een vum "Klouschter vu Badeburg" héiere schwëtzen.--Fliedermaus 14:08, 9 Januar 2007 (UTC)

Am Artikel Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Clairefontaine) geet riets vum "Schlass vu Bardenbourg" an hei geet riets vu "Badeburg". Wat ass richteg? Misst et net an deenen 2 Artikelen d'selwecht heeschen? freet de Pecalux 06:30, 13. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]