Diskussioun:Clemenshaff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et fléisst eng Baach laanscht den Haff (Saasselbaach), déi aus engem Weier entspréngt, deen +/- 50 m laang a 40 m breet ass. '

Moien,

De Kadaster an d'Kartographie vun der Waasserverwaltung gesinn dat net esou. Gëtt et aner Referenzen déi d'Behaaptung dei hei driwwer steet ënnertstëtzt. --Les Meloures (Diskussioun) 13:50, 28. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Ech hun op Googlemaps nogekuckt an do leeft effektiv eng Baach direkt laanscht den Haff, déi aus engem Weier kënnt. Den Numm vun der Baach steet do net an och net wéi grouss de Weier ass, mee d'Verhältnis Längt zu Breet kënnt stëmmen. Wat genau ass dann am Widdersproch zum Kadaster? A wou gesäit een déi Kadater-Informatiounen, et wier nawell gutt dat ze wëssen fir aner Fäll? --MMFE (Diskussioun) 14:42, 28. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]


Dat gëtt een alles zimmlech genee hei gewuer: http://map.geoportail.lu/ --Les Meloures (Diskussioun) 15:12, 28. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Kadasteradress, elo hunn ech och gesi wou däi Problem ass. Dass do eng Baach laanscht den Haff leeft deen aus engem Weier kënnt gëtt jo do konfirméiert, d'Fro ass nëmmen op se do och scho Saasselbaach heescht. De ganze Rescht vum Artikel schengt jo awer zimmlech gudd op d'Kaart ze passen, dofir ass et gudd méiglech dass dat mat der Baach och stëmmt.--MMFE (Diskussioun) 16:05, 28. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Wanns de dat Geschir an deem Link richteg gebrauchs de fënnst de eraus datt et net d'Saasselbaach ass. Soss passen nawell e puer Saachen ausser der erfonnter Baach mam Numm Tirrels a.s.w., wat dann och selbsvertändlech eliminéiert gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 17:22, 28. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hu mer di Saach nach eng Kéier méi genau ugekuckt. Tirrels ass effektiv keng Baach, mee e Flouernumm, wat eventuell zu enger Verwiesselung gefouert huet. Fir déi Baach laanscht den Haff gëtt leider kee Numm uginn. Entweder se huet keen oder se heescht och Saasselbaach oder nach anescht, dat fanne mer sou jiddefalls net eraus. --MMFE (Diskussioun) 22:24, 28. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]