Diskussioun:Commemoratiounsplaz Hinzert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Kategorie: Konzentratiounslager": Datt Hinzert kee Konzentratiounslager war, ass eng Saach. Mee ass et net e bësse quokeleg fir déi Kategorie op d' Commemoratiounsplaz Hinzert ze pechen. Den Artikel Hinzerter Kräiz leeft ënner "Category:Monumenter", wat och onduerchsiichteg ass. Hu mer net e Problem mat de Kategorien? Oder besser: Fanne mer eppes erëm? --Cornischong 12:47, 4 Abrëll 2007 (UTC)

Dësen Artikel emol an d'Kategorie Monumenter geréckelt, wou e sécher och higehéiert. --Robby 05:39, 6 Abrëll 2007 (UTC)

Fir d'Verbesserwësser: "Die französische Besatzungsmacht veranlasste die Errichtung eines Ehrenfriedhofs für die Opfer des Lagers" ( http://www.hinzert-poelert.net/dokumSS.htm ) --Cornischong 00:51, 3. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Dës lescht Ännerung (Kierfecht op Éierekierfecht zréckgesat) war keng gutt Idee: den Numm Éierekierfecht (cimetière d'honneur) gouf 1946 vun der franséischer Militäradministratioun agefouert, wor awer 'nëmmen' bis 1994 am Gebrauch. Haut heescht en also net méi esou. Ech hunn duerfir Éierekierfecht op Kierfecht zréckgesat, mat enger Note (Referenz). --Cayambe 12:34, 3. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Firwat d'Explicatioun net direkt an den Artikel setze, bei der Ännerung, dann ass all Mëssel op en Enn. Les Meloures 12:53, 3. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Ass geschitt, cf Note am Artikel :-).--Cayambe 13:04, 3. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]