Diskussioun:Corps grand-ducal d'incendie et de secours

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Mëtteg, fir d'Uwennung vun der Eifeler Reegel geet een dovun aus, dass de(n) C wéi am Däitschen ausgeschwat gëtt, an net wéi am Franséichen, an zwar och da wann e sech op e franséicht Wuert bezitt. Firwat ass dat esou? Ëmmerhi geet et bei « CGDIS » ëm eng franséich Bezeechnung, genau sou wéi bei CHL?

Mat beschte Gréiss, --Helicopter2011 (Diskussioun) 14:35, 10. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien, op wat bezitt deng Fro sech genee. Vläicht dee Saz heihi schreiwen, dat mécht d'Saach méi einfach. --Les Meloures (Diskussioun) 17:19, 10. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Majo z.B. e Fall wéi Den CGDIS stellt a verwalt och d'Pompjeeën um Fluchhafen fir d'Administratioun de la navigation aérienne. --Helicopter2011 (Diskussioun) 21:34, 10. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
D'Erklärung fënnt een am Artikel Eifeler Reegel.
Bei verschiddene Wierder, wou de Konsonant sou ausgeschwat gëtt datt en nom n verlaangert:
den Cyclist, den Churchill, en Charter, et kann een chatten, e wäissen Surpli.
Dat heescht am Kloertext datt do wou den <C> als <Tzee> ausgeschwat gëtt an net als <Ssee> bleift den n stoen.

--Les Meloures (Diskussioun) 11:08, 11. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]

Rebonjour, dat hat ech scho verstanen, d'Fro ass just, firwat een hei dovun ausgeet, datt den C vu CGDIS <Tzee> an net <Ssee> ausgeschwat gëtt. D'Leit a mengem Ëmfeld soen alleguer <Ssee>-GDIS, well et eeben d'Ofkierzung vun engem franséiche Numm ass.

--Helicopter2011 (Diskussioun) 19:16, 11. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]

An Okierzungen ginn Buschtawen sou gelies wéi wann se eenzel stéingen, egal wéi se am ganze Wuert ausgeschwat ginn. <C> deemno tzee, <M> gëtt em a.s. w. Bei Okierzunge stellt ee sech jo net d'Fro wat hanner der Ofkierzung stécht, et liest ee se einfach als Ofkierzung. --Les Meloures (Diskussioun) 20:44, 11. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Am Ufank sot Dir: fir d'Uwennung vun der Eifeler Reegel geet een dovun aus, dass de(n) C wéi am Däitschen ausgeschwat gëtt, an net wéi am Franséichen. Wou ass déi Affirmatioun ze fannen? Dat géif méch intresséieren. An et ass och Franséisch an net Franséich--Les Meloures (Diskussioun) 09:06, 12. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Dono muss ee wierklech net laang sichen... Ënnert Missioune kënnt "Den CGDIS" dräimol vir! Wa keen dat verbessert, ass dat fir mech d'Affirmatioun datt et anscheinend soll richteg sinn. Ausserdeem verbidden ech mer, an enger einfacher Diskussioun, déi dat grousst Publikum sécher net intresséiert, vun Iech verbessert ze ginn!--Helicopter2011 (Diskussioun) 01:47, 14. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Dann nach eng Kéier, Dir sot: fir d'Uwennung vun der Eifeler Reegel geet een dovun aus, dass de(n) C wéi am Däitschen ausgeschwat gëtt, an net wéi am Franséichen. Wann ee sou ee Saz liest, da geet een dervun aus datt déi Uwennung iergendwou an engem Wierk iwwer d'Schreifweis festgehalen ass. Datt Dir dat selwer aus dem Text schlussfolgert, wat wéi et schéngt de Fall ass, ass an där Form vum Saz net ze verstoen. A wann et fir Iech an deem Fall richteg ass, wat soll dann dat ganzt Gespréich. Wéi an ärem Ëmfeld geschwat gëtt, ass an der Orthographie vum Lëtzebuergeschen net wichteg.
Duerno frot dir: Firwat ass dat esou? Ëmmerhi geet et bei « CGDIS » ëm eng franséich Bezeechnung, genau sou wéi bei CHL?
Wann ech dat liesen dann denken ech: Oh do ass da bei der Uwennung vun der Eifeler Reegel am Kontext mat < CHL > eppes falsch op der Wiki an dat an deem Sënn, datt iergendwou de CHL steet. Dat ass awer net Fall. Fiwat also dee Vergläich?
An dann nach eng Kéier: CGDIS an CHL si keng franséisch Wierder. Et sinn Ofkierzunge vu Wierder a ginn deemno sou gelies wéi se do stinn an zwar op Lëtzebuergesch. Dat gëllt fir all d'Ofkierzungen an dobäi geet een net dervun aus wéi et am Franséischen oder am Däitschen ass, et geet een dervun aus wéi et am Lëtzebuergeschen ass. Wat dann Aussprooch vum < C > ugeet, sou ass d'Phonetik folgendermosse festgehalen:
Den C gëtt [ts] ausgeschwat wann en aleng steet an och sou gelies gëtt oder wann en am Ufank vun engem Wuert steet an hannendrun en e, é, i, oder y kënnt, wéi bei CD, Cyclist, Celophan.
E gëtt [k] ausgeschwat wann e virun engem a, o, ou, oder u steet, wéi bei Coup, Cabaret, Code, a wann en um Schluss vun engem Wuert steet wéi Bic, Fric, Flic, Cric, Trafic, Viaduc.
E gëtt [s] ausgeschwat wann en an de Wierder virun engem e, é, è, steet, wéi bei Facilitéit, Docilitéit. --Les Meloures (Diskussioun) 09:49, 14. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]