Diskussioun:Désiré-Joseph Mercier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

25. Mäerz 2020, 23:56 Auer. D'EnCours-Warnung ass nach ëmmer do, an dach huet schonn een (ëmmer dee selweschten) mussen un deen Artikel fréckele goen. An da wonneren sech anerer - awer nëmme schäinhelleg - , datt ech dat net akzeptéieren, a si behaapten, sou eppes kéim ni vir, an ech géif léien. Ma jo dann... - C.


Jo richteg. Et ass awer näischt um Text vum Artikel gefréckelt ginn. Et goufen och keng Versiounskonflikter (et ass jo dat wouriwwer Dir Iech ëmmer iergert, wann ech mech net ieren) provozéiert, well mat Ännerungen iwwer Hotcat sinn déi onméiglech. Doriwwer eraus goufe just falsch Kategorie verbessert a richteger bäigesat. Setzt richteger an, da geet kee se verbesseren. Falsch Kategorien oder Kategorien déi net existéieren gi rout ugewisen. Dat gesäit ee scho virum Späicheren, a wann net da spéidstens direkt duerno.
Wien huet hei gesot Dir géift léien, a wat géif net virkommen. Ech mengen do geheit Dir e puer Saachen durcherneen --Les Meloures (Diskussioun) 08:10, 26. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
PS: och wann een eng IP ass kann een normal wéi all Benotzer ënnerschreiwen --Les Meloures (Diskussioun) 08:10, 26. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Bonjour Här Les Meloures,

Hei hutt Dir lo nees vill Bla-bla produzéiert, mee d'Taatsaach ass a bleift, datt Dir Iech als groussen Enzyklopedist net un d'Virschrëften haalt. Déi si wuel nëmmen do, fir déi, déi Dir "Vandalen" nennt a prompt spärt, wann se mol Är Usiichten oder Cyber-Kompetenzen net deelen. Ech hunn eng aner Opfaassung vun der fräier Enzyklopedie (Profilsucht, Angeberei, Iwwerhieflechkeet loossen ech Iech gär, "Här Wikipedia"). - IP

Dir sidd einfach en Tockskapp, deen net wëll verstoen wéi d'Wikipedia funktionnéiert (oder et net versteeet) a just anere Leit Frechheete wëll maachen.
Losst Iech mol einfach duerch de Kapp goen, datt wann déi Leit wéi Ech an en etlech anerer deenen Dir och scho Frechheete gemaach hutt, net zanter 10 a méi Joer hei matgeschaftt hätten, a vill Hannergrondaarbecht geleescht hunn an nach ëmmer maachen (wovun Dir natierlech näischt matkritt oder wëllt matkréien), net do wieren, datt Dir dann iwwerhaapt näischt hei kéint maachen. An deem Sënn wäert Dir déi nächst Kéier wou der nach iergendengem Mataarbechter hei déi klengst domm Bemierkung oder Frechheet maacht, oder soss Bemierkungen an Diskussiounen maacht déi näischt mam Sujet selwer ze dinn hunn, wéi hei och, definitif mat Ärer IP an enger Kaskadespär gespaart gitt. Dat wat ech Iech hei schreiwen ass net nëmmen aus menger Siicht, mä déi Meenung iwwer Äert Gesouers a Gestëppels gëtt vu ville Wikipedianer hei gedeelt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:07, 26. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]