Diskussioun:Daniel Reding

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Här Puscas, wat heescht hei "Quatsch"? Et gouf wuel eng AGESS, awer an de 70-er Joren oder sou. Dunn huet ee Jorzéngte laang näischt méi vun där Gewerkschaft héieren. A stënterlech ass nees eng AGESS do, formell identesch am Numm, mee fir de Rescht komplett nei, oder wësst Dir do méi? Den D. Reding a seng puer Unhänger hu sech vun der APESS distanzéiert, virwat och ëmmer, an hu prompt eng nei Gewerkschaft gegrënnt, fir bei de Sozialwalen dobäi ze sinn a wa méiglech APESS-Memberen ofzewerben. Dat ass hiirt gutt Recht, mee ech hu weider näischt vum neie Klippchen héieren (Statutten, Memberschaft, Generalversammlung, Opruff un d'Membere fir ze kandidéieren...). Am Fong ass dës nei AGESS just eppes, wat formell oder äusserlech der APESS wëll gläichen (wéinst dem '-ESS' -> d'Zilpublikum ass prinzipiell dat selwescht)), mee näischt, wat an der Continuitéit vun der deemoleger AGESS ass. A wann ech kucke, wéi d'Chance stinn, wäert déi nei AGESS geschwënn do sinn, wou déi al AGESS ass: an der Vergiessenheet. Genéiert Iech awer net, fir mech opzekläeren, wann Dir méi zu dësem Thema wësst. Merci! - C.

Sou wéi Dir sot näischt vum neie Klippchen héieren . Vun deem ale weess een awer datt en net opgeléist gouf, deemno ass et zimlech sécher datt se ënner deem sengem Numm opgetruede sinn. Vu datt déi ni opgeléist gouf, kann et keng nei mat hoergenee dem selwechten Numm ginn. Wann ee weess datt en op der Lëscht vun der AGESS an Wale gaangen ass da wier et flott wann een eppes iwwer déi Lëscht géif gewuer ginn. Entweder ass et eng nei oder eng al. Oder et ass déi selwecht. Nei-al ass e Qualificatif dee guer näischt seet an am Contraire nëmme just Froen opwerft déi souwisou am Artikel net beäntwert ginn. Wann dir eppes wëllt prezises dozou bäidroen da kënnt Dir dat jo am Artikel iwwer d'AGESS maachen. --Puscas (Diskussioun) 19:35, 23. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
Komescherweis daucht och an de Matdeelungen iwwer d'Sozialwale, déi den Aarbechtsministère publizéiert huet weder d'APESS nach d'AGESS als Lëscht op. --Puscas (Diskussioun) 19:51, 23. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,

E Bléck op lbr.lu verréit, datt déi al AGESS (1978 aus der AJESS76 entstanen), haut op den Dag (23.03.2020) aus dem Handelsregëster geläscht gouf (Radiation d'office de l'établissement principal). GilPe (Diskussioun) 21:53, 23. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]


Wann et sou ass, datt déi al AGESS dëser Deeg am Handelsregester gestrach gouf, dann ass déi AGESS, déi am Ablack mat 3 aneren Enseignants-Gewerkschaften an d'Sozialwale geet (APESS - SEW/OGB-L - Féduse/CGFP - AGESS), eng nei AGESS. Vu que d'Zilpublikum nach ëmmer aus Proffen vum "ESS" besteet, hu mer hei an elo mat der Récupératioun vun engem Numm ze dinn, deemno scheinbar mat enger aler oder doudeger Organisatioun, déi nei opgewiermt gëtt, fir potenziell Wieler unzezéien. Datt et zu der neier AGESS praktesch keng Informatiounen am Netz gëtt, ass komesch bis anormal. Merci, fir déi verschidde Reaktiounen; lo weess ech méi! - C.


An dëser Diskusioun hat de Frënd - C e groussen Tralalala wéinst engem Tippfeeler am Datum opgefouert. Solle mer dat selwecht lo hei maachen.? Wann et muss sinn da kann ech dräi Säite schreiwen . --87.65.83.203 07:48, 25. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
Mä vläicht ass den Datum richteg an d'Informatioun ass falsch? De Lieser huet de Choix. --87.65.83.203 09:13, 25. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Wat een Niveau!

Fir beim Thema ze bleiwen: den Daniel Reding ass, mat 3 Kollegen, op eng AGESS-Lëscht an d'Sozialwalen 2020 gaangen. Dat ass ee Fait, a sécher keng "falsch Ausso". Surft e wéineg am Netz erëm (-> Élections sociales 2020...), da gesidd der, datt effektiv 4 Lëschten 2020 ëm d'Stëmme vun den Enseignant'en aus dem Secondaire et supérieur a Kompetitioun getruede sinn: APESS - SEW/OGB-L - Féduse/CGFP an AGESS.

An nach eng Kéier: wann d'AGESS aus de 70-er Joren am Regester... gestrach gouf, dann ass déi AGESS, déi elo optrëtt, eben eng nei iwwer déi net vill gewosst ass.

Wien amuséiert sech scho fir "falsch Aussoen" ze verbreeden? Oder: wien ass sou paranoid, datt en alles, wat en net kennt oder besser weess, als falsch betruecht... an aus dem Artikel eraushëlt? - IP

Et ass net un de Lieser a Benotzer fir sech z'ameséieren am Netz ze sichen. E konkrete Link als Referenz soll vun deem dra gersat ginn deen déi Ausso gemaach huet. Dat ass den Niveau op deem hei geschafft gëtt. --Puscas (Diskussioun) 11:20, 28. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
Genee sou ass et. A wéi ech an der dëser Diskussioun gesot hunn: De Mann kann Äppel a Bieren net vuneneen ënnerscheeden. En huet och meng Bemierkungen hei uewen driwwer entweder net richteg gelies an doutsécher net wëlle verstoen soss hätt e vläicht vum selwe gemierkt wat falsch war. Mä deen ass sou vu sech ageholl, datt nëmmen déi aner Benotzer onrecht hunn. --87.65.83.203 11:38, 28. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Déi nei AGESS[Quelltext änneren]

... gouf de 17. Abrëll 2020 gegrënnt. Kuckt hei. GilPe (Diskussioun) 10:35, 23. Mee 2020 (UTC)[äntweren]