Diskussioun:Deportatiounsmemorial

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech sinn net ganz glécklech mat der Iwwersetzung, well 'Ëmsiidlung' nëmmen een Deelaspekt ass vun deem, un dat erënnert gi soll. D'Zaldoten, déi vun do un d'Ostfront geschéckt goufen, sinn esou wéineg "ëmgesidelt" ginn, wéi déi jiddesch Awunner, déi vun do a KZer oder Vernichtungslagere geschéckt goufen. "Deportatio(u)n" do dergéit ass semantesch méi wäit gefaasst, a seet just, datt ee géint säi Wëlle vun anzwousch ewechbruecht gouf. --Zinneke 14:11, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Wann de Les Meloures dat och esou gesäit, ech fir mäin Deel sinn do mat. --Otets 14:27, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Wat de Numm ubetrëfft deelen ech d'Meenung vum Zinneke: Deportatioun schengt mer besser. E puer Fotoe setzen ech haut nach bäi. -Cayambe 15:43, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,
Kee Problem fir en aneren Numm. Les Meloures 17:17, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

"De Memorial ass an der fréierer Hollerecher Gare": Am Artikel steet néierens wat de Memorial ass. Et steet ë.a. do datt de Memorial an der Gare ass. Wat heescht dat? Ass d'Gare de Memorial; ass en Deel vun der Gare de Memorial oder wéi? Ass de Memorial nieft der Gare de Memorial? Billercher mat der Gare drop si schéin a gutt, mee d'Kand mam Numm ze nennen ass besser. --Cornischong 12:12, 3. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]