Diskussioun:Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"De" Charly?[Quelltext änneren]

'Nowend, just eng kleng Fro: firwat "De Carly" als Begrëff an net einfach "Charly"? 'T seet ee jo net: "De Monni ass mam de Charly komm" oder "Den 'de Charly' hat alt nes Verspéidung".

wonnert sech de --Zinneke 22:40, 1 Jul 2005 (UTC)

'Nowend och. Lo kommen ech nach mat méi eppes "Spezielles". Den Ed Federmeyer, de gréisste Fachmann, dee mer hei am Land hunn, geet am éischte Band vu sengem "Schmalspurbahnen in Luxemburg" op d'Nimm an. Beim Chareli hält en sech un de Robert Bruch, deen 1953 an enger Spezialnummer vun de "Cahiers Luxembourgeois" d'Nimm "Jhangeli", "Chareli" a "Benni" gebraucht, well den "y" eréischt an de leschte Joeren (d'Buch ass vun 1991!) a Moud koum. A wéi heeschen eis Artikelen iwwer déi Aner: Jhangeli, Jhangely, Jhangli, Jhangly, Jangeli, Jangely, Jangli, Jangly? --Cornischong 23:11, 1 Jul 2005 (UTC)

Merci dem Cornischong fir seng bibliographesch-ënnermauert Argumenter, géint déi net vill an d'Feld ze bréngen ass. Deemno ok fir op "Chareli" ze réckelen, mat engem Redirect vu "Charly" a "Charely" aus?

Fir de J(h)ang(e)ly/i sinn ech méi viirsiichteg; ech giff "Jhangeli" proposéieren, alt neess mat Redirecte wat-wëlls-de-wat hues-de.

--Zinneke 10:42, 2 Jul 2005 (UTC)