Diskussioun:Elleng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Meng Äntwert un de User:Kleeschen[Quelltext änneren]

Merci fir de Mail. Ouni awer och nëmmen en halwe Saz iwwer Elleng ze schreiwen, an ouni awer och nëmmen en Hauch vun enger Undeitung ze maachen, ëm wat et geet, gesinn ech net an, wat dat Ganzt soll. Wann engem seng "Saachen" zwee Mol geläscht ginn, da wier et sou lues un der Zäit, sech Gedanken ze maachen, ob dat, wat een hei wollt hischreiwen, iwwerhaapt an dëser Rumm e Sënn gëtt. Sätz ewéi "ech fannen et jhust eng sauerei dat ...." weisen op den Niveau hin, wat dee User hei opféiere wëll. All Mënsch, deen eppes dozou bäidroe wëll bei der Wikipedia ass wëllkomm. E valabelt Lëtzebuergesch ass och net vu Muttwëll. Aneren zouzemudden, engem säi Kauderwelsch ze verstoen, weist net grad op gudde Wëllen hin. Et ass scho "komesch", serieux Mataarbechter sinn extrem seelen, awer Gäscht, deenen et schonns zevill ass, sech an e puer klore Sätz auszedrécken, fléien doruechter wéi d'Schäissmécken. Wann s'awer net mat hire Linken (well e Saz ze schreiwen ass schonns zevill) duerchkommen, da féieren se sech op wéi klorosen. Fir een, dee Substantiver am Lëtzebuergesche kleng schreift, gi Coursen am ganze Land gehalen. A just kritt och keen "h". Dat war et zu der "sauerei", déi iwwregens och grouss geschriwwe gëtt. Ech hunn es op alle Fall mat deenen analphabetesche Méckebaatschereie genuch. Meng Sprooch hunn ech e bëssen un de "Sauerei-Stil" ugepasst, well ech mengen, datt Leit, déi engem op d'Féiss katzen, dat besser begräife kënnen. --Cornischong 02:01, 28. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]