Diskussioun:Enkel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wa mer dat eent "Enkelkand" nennen, an dat anert "Enkel", da misst alles kloer sinn, an da komme mer laanscht dat abstrust "Enkel (Anatomie)". --Cornischong 23:51, 27 Juni 2007 (UTC)


Et solle Leit ginn, déi fir den Enkel vum Fouss Knéchel soen. Kann een deen e bessert Wierderbuch huet wéi ech dat emol nokucke w.e.g. Les Meloures 20:13, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

De Virschlag vu virun annerhalwem Joer war wuel e bëssen zevill einfach. Et "sollen" och Leit ginn, déi beim Wuert Knéchel un en Deel vun enger Hand denken. Fir dat Déngen emol an de Grëff ze kréien, ass et wuel am beschten, wann een, deen e Fotoapparat a wéinegstens een oder zwéin Enkelen huet eng Foto dovu mécht. Da wësse mer mol all wat gemengt ass. An de Commons hu se keng. Eng Foto vun enger Schinn wier och net schlecht. Merci am Viraus un de Knippsert. --Cornischong 23:14, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Ech sinn haut gewuer ginn datt zu Bréissel an de Caves de Cureghem d'Ausstellung Körperwelten - Bodyworlds gewise gëtt. Se dauert bis an de Januar. Dat wier eng Méiglechkeet fir vill Fotoen op enkem Raum ze kréien.
Les Meloures 23:39, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Leider neen: "Il est interdit de prendre des photos, y compris avec un téléphone portable, et de filmer dans KÖRPERWELTEN 4. Une exception est faite pour les membres accrédités des médias", steet op der offiziller Säit