Diskussioun:Fëschmaart (Stad Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gehéieren d'Méchelskierch an d'Gebai vum Staatsrot zum Fëschmaart? Ech hat dat zwar an den Artikel geschriwwen, sinn awer net secher op dat stëmmt. Weess een do méi?--Fliedermaus 18:40, 14. Mäe 2008 (UTC)

Salut. De Maart selwer war direkt virun der Méchelskierch, op dem "Kéismaart" oder "Almaart", wéi dat genannt gouf. Et war och do wou deemols de "Stillche" stoung, op Däitsch de "Pranger". An et sinn der do higeriicht ginn. Dee leschten den 20. Dezember 1821. Dat war e Mëller vu Mamer, de Franz Blasius. Awer lo gi mer schonns an d'Eenzelheeten ..... --Cornischong 23:19, 14. Mäe 2008 (UTC)