Diskussioun:Foussgängerbréck zu Biwels

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

An der Géigend vu Biwels goufen et fréier anscheinend zwou Foussgängerbrécken. Weess een eppes dervunner? Am Archiv vun der SEO soll et e Loftbild dovunner ginn.

Gesäit een eng Méiglechkeet fir dorunner ze kommen?

Les Meloures 08:48, 28. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend Les Meloures,
Fréier gouf et eng Foussgängerbréck, ongeféier op der Héicht vum heitege Kierfecht, an hat en direkten Uschloss op de Bauler Steg, e Wanderwee, deen haut nach poulriicht de Bierg erop op Bauler féiert. Dat war éiert de Stauséi do war an d'Our reegelméisseg Héichwaaser gefouert huet. D' Bréck war aus Holz gebaut a huet sech op zwee stenge Sockele gestäipt. D'Bréck gouf reegelméisseg duerch Héichwaasser zerstéiert. Et gëtt Fotoe, wou een d'Bréck drop gesäit, awer och wou d'Baueren fréier mam Hee iwwer d'Furte gefuer sinn. Kontaktpersoun fir de Fotosarchiv vun der SEO ass den Francis Jans.
Nach e schéinen Owend, --Christian Ries 19:22, 28. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Merci fir d'Renseignementer Les Meloures 20:06, 28. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]