Diskussioun:Georgien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Georgia, och nach Georgien genannt," : A wou der Däiwel gëtt Georgia Georgien genannt? Ass dat do e Witz? --Cornischong 14:53, 1 Januar 2007 (UTC)

Vu Lëtzebuerger déi keen Englesch kënnen. A wou der Deiwel gëtt Bitburg Béiberech genannt: Vu Lëtzebuerger aus dem leschte Joerhonnert. Les Meloures 15:18, 1 Januar 2007 (UTC)

Den Zinneke huet de Link an der Homonymie op Georgia verbessert, dat war eng korrekt Saach an en huet näischt met Däiwelen ze dinn an och net wéi schonns an aneren Talken mat Genonndijös a Gefluchs. Verbessere bréngt éis weider. Fluchen an der Däiwelen bréngt ons kee Schratt weider. Les Meloures 15:25, 1 Januar 2007 (UTC)

Et war iwwregens schonns virun denger Bemierkung verbessert Les Meloures 15:27, 1 Januar 2007 (UTC)

Et waren en etlech honnert Zaldote vu Lëtzebuerg no dem Krich zu Bitbuerg stationéiert. Fro mol een op je eng Kéeir ee Béiberech gesot oder héieren huet. Wa mer schon enzyklopedesch welle sinn da keng zwou verschidde Woe gebrauchen well dat engt engem besser gefällt oder besser a séi Krom passt. Les Meloures 15:31, 1 Januar 2007 (UTC)

Georgia heescht op amerikanesch oder englesch esou dat Gergien vun deems du wellst schwätzen heescht bei sech doheem Sakartwelo. Mee wie seet dat schonn. Les Meloures 15:37, 1 Januar 2007 (UTC)
Et wier un der Zäit datt mer éis da vläicht d~écidéieren d'Stied an d'Dierfer esou ze nennen (awer alleguer dann) wéi se bei sech doheem heeschen. Da ginn all dës Diskussiounen iwwerflësseg. ~~