Diskussioun:Gielche fir jorelaang Flichterfëllung fir d'Stäerkung vun der Landverdeedegung vun der Däitscher Demokratescher Republik

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

zimmlech langen Titel wei vir et mat DDR-Verdengschtuerden ann am artikel den richtegen deitschen Numm.

"Gielche fir jorelaang Flichterfëllung fir d'Landverdeedegung vun der Däitscher Demokratescher Republik " ass jo nemmen eng netoffiziel Iversetzung. Gloooooo 20:20, 17 August 2006 (UTC)

Ech schléisse mech un: zimmlech laangen Titel. Myriam 21:27, 17 August 2006 (UTC)

Jo, ech schléisse mech och un, datt et e laangen Titel ass.

Ech schléisse mech awer guer net un, fir deen z'änneren, well en engem ze laang virkënnt! Dat kann dach net am Eescht hei lafen, datt Titelen gekierzt ginn. Heescht dee Gielchen "DDR-Verdengschtuerden" oder wéi?! Datt et en "zimmlech langen" Titel ass huet anscheinend kee gestéiert, deen esou ze nennen. Fänke mär elo un, Titelen, déi engem ze laang virkommen, einfach ze kierzen? DDR-Verdéngschtgielercher gouf et mat den Dosenen, fir net ze soe mat den Honnerten. Datt am Lemma den Titel op Lëtzbuergesch steet ass hei gewëss net nei! Datt deen Titel esou harlekinistesch wierkt, ass vläicht dorops zréckzeféieren, datt déi Bezeechnung an engem harlekinistesche Staat entstanen ass. Natierlech hunn ech näischt dergéint, fir am Artikel den Numm op Däitsch ze bréngen.
Kuckt emol an der de-Wiki "Liste der staatlichen Auszeichnungen der DDR". Do fanne mer nach interessanter : "Verdienter Werktätiger des Bereiches der haus- und kommunalwirtschaftlichen Dienstleistungen der Deutschen Demokratischen Republik" oder "Medaille für hervorragende Leistungen im Bereich der haus- und kommunalwirtschaftlichen Dienstleistungen der Deutschen Demokratischen Republik". Kann et sinn, dat déi Monstruositéiten aus politesche Grënn sollen am Tirang verschwannen? Hoffentlech net. --Cornischong 21:43, 17 August 2006 (UTC)

Nee verschwanne solle se net, mee gët et do net eng Alternativ? Dat do ass jo schrecklech (a wann et och nëmmen dowéinst ass datt den Ofstand vun der éischter op déi zweet Linn ze kleng ass). Myriam 21:50, 17 August 2006 (UTC)

Ass dat elo nees eppes, iwwer dat sech nees e ganzen Owend hei £%$& léisst? --Cornischong 21:57, 17 August 2006 (UTC)

Méi Pefferkär dann och nach: Wann en esou heescht da soll en esou stoe bleiwen alles aanescht wir falsch Les Meloures 00:48, 18 August 2006 (UTC)