Diskussioun:Gracht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sollt de Saz net liicht ëmgeännert ginn fir dat d'Leit wëssen datt et e lëtzebuergescht Wuert fir "Gracht" gëtt?
Elo:
Gracht ass am Allgemengen den hollännnesche Begrëff fir Gruef oder Kanal.
Spéider:
Gracht ass am Allgemengen den hollännnesche Begrëff fir Griecht, datt heescht Gruef oder Kanal. --87.240.227.220 13:07, 10. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Déi Hollännesch Gracht huet näischt mat der lëtzebuergescher Griecht oder Gruecht um Hutt. Wann d'LW och vun engem Gruef schwätzt sou ass et eng grondverschidde Saach. Ech hunn emol en Iwwerschaffen an den Artikel gesat well deen och minimalistesch ass an net onbedingt eng korrekt Definitioun bitt. --Les Meloures (Diskussioun) 13:36, 10. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci --Soued031 (Diskussioun) 13:38, 10. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Ausser der Etymologie vum Numm hunn déi zwéin, m. M. n., näischt mateneen ze dunn. D'hollännesch Gracht ass e künstlech, vun Mënschenhand, ugeluete Kanal an enger Stad, deen als Transportmëttel déngt. Déi lëtzebuergesch Griecht ass e natierlech entstanene Gruef an der Landschaft. A well et zu Lëtzebuerg scho laang Griechte gi sinn éier d'Hollänner hir Grachte gegruewen hun kint ee grad esou gutt behaapten dass et en hollännescht Wuert géif gi fir d'Griecht. --Pecalux (Diskussioun) 13:54, 10. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]