Diskussioun:Grand Prix Fred Mengoni

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

D'Course gëtt et nach ëmmer. Si heescht elo "Trofeo Città Castelfidardo - GP Cibes" a gëtt am Kader vun den "Due Giorni Marchigiana" gefuer. Déi nächst Oplo vun der Course ass no UCI-Kalenner den 19. August 2009.--Fliedermaus 11:19, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Salut,

Merci fir d'Info.

Ech sinn amgaange mech do e bësselchen derduerch ze wullen. Do sinn der anscheinend dräi déi den Numm ënner sech getosch hunn, an all Kéiers de Castelfidardo mat dra behalen hunn.

Op der Memoire du Cyclisme steet si wier 2007 NE klasséiert gewiescht. Wess du wat dat soll heeschen? Les Meloures 13:01, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Resalut

Wann een dann do kuckt Due Giorni Marchigiana, da kann e richteg an Schwamme kommen. Les Meloures 13:16, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Den "Due Giorni Marchigiana" war e Klassement wat op Basis vun de Resultater vun den zwee Eenzelcourssen gemaach gouf.

"NE" steet fir National Event.--Fliedermaus 13:45, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Et ka sinn datt de fréieren "Gran Premio Fred Mengoni" elo "Gran Premio Industria Commercio Artigianato di Castelfidardo" heescht, an net "Trofeo Città Castelfidardo - GP Cibes". Dee richtegen Duerchbéck hunn ech och nach nët.--Fliedermaus 14:41, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Äntwert
Ech hu mer dat och schonns geduecht, well den Anere gouf et jo virdru schonns, an e steet nach weider um Programm vun den 2 Deeg.
Ech mengen op der Mémoire du cyclisme huet ee sech vertuddelt. Les Meloures 14:44, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]