Diskussioun:Herr Marx und die Rennhunde

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Hei gi mer mol net gewuer wien hanner deem Herr Marx stécht. Den Text ass esou voller Feeler dat et nëmme rabbelt. Les Meloures 16:28, 24 September 2007 (UTC)

moien FREI enzyklopädie

Ech fannen et traureg wéi dier op Artikelen réagéiert, déi net perfekt sen. Ech sen nei hei, an wees nach net wéi di ganz Saach hei funktionnéiert, mee een direkt sou ze agresséieren, fannen ech net ganz professionell. Dir kënt den Artikel leschen, wann der dat wëllt. Mee bon wann een hei zu Lëtzebuerg schon sou eng Méiglechkeet huet dann soll een och profitéieren an den Leit hëllefen, dass dat Ganzt funktionnéiert.

Merci

Gudde Moien,

Just fir eng kleng Kloerstellung ze maachen. Am Ament ass dat hei keen Artikel wéi en op der Wikipedia soll stoen. Dofir steet Iwwerschaffen driwwer.

An auslännesche Wikipediaen wier esou een Artikel no 2 Minutte geläscht. En ass voller Feeler. Déi aner Mataarbechter op der lb:Wikipedia hunn net als Haaptmissioun Feeleren ze verbesseren. Kuckt iech emol aner Artikelen un da gesitt der wéi en Opbau soll gemaach ginn. All Mataarbechter ass wellkomm awer net an deem Sënn datt e méi Aarbecht fir déi aner programméiert wéi en der selwer mécht.

Den Artikel gouf jo och net direkt geläscht, fir esou d'Méiglechkeet ze loossen fir nach drun ze schaffen. En ass emol net proposéiert gi fir ze läschen soss hätt dat heiten driwwer gestanen. {{Läschen}}

Hei kritt och jidderee gäre gehollef mee mer sinn an der läschter Zäit einfach ze dacks mat sou Artikelen déi onbekannt IPen dra gesat hunn op d'Äis gefouert ginn.

An dësem Fall geet et drëm fir ze wëssen ëm wat et geet.

De Lemma ass Herr marx (und die Rennhunde). Da soll den Artikel och doriwwer handelen an net iwwer de Songwriter weel dat ass jo anscheinend den Herr marx selwer an da soll een och gewuer ween ënner deem Pseudnym schreift. Les Meloures 17:41, 24 September 2007 (UTC)



Kann et sinn dass de richtegen Titel "herr marx (und die Rennhunde)", also kleng geschriwwe muss ginn? --Pecalux 07:48, 25 September 2007 (UTC)


Salut Pecalux,
Aus dem Bonaparte sengem Talk geet erfir, datt de Lemma misst kleng geschriwwe ginn. Dat war bis viru kuerzer Zäit (2 Wochen ongféier) guer net méiglech. An esou engem Fall hu mer dann eng Erklärung am Artikel dozou ofginn mat dëser Schabloun.

{{korrekten Titel|herr marx (und die rennhunde)}}

Dat muss en neie Mataarbechter net onbedingt wëssen, et gëtt vill Aler déi et och net wëssen.


Zënter zwou Wochen ass et méiglech de Lemma kleng ze schreiwen an deems en dat hei an den Ufank vum Artikel setzt: {{DISPLAYTITLE:herr marx (und die rennhunde)}}. Les Meloures 14:55, 25 September 2007 (UTC)
Dbäi hunn ech elo festgestallt datt dat och nëmme geet wa keng Klameren am Lemma sinn. Les Meloures 15:22, 25 September 2007 (UTC)

Dat kéint awer wéinstens rennhunde klenggeschriwwe ginn, oder net? Edit: gesi grad, datt déi fir richteg net wéi hei uewen driwwer steet kleng mee als Ausnam grouss geschriwwe solle sinn. --Otets 20:36, 5. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]



Moien. Nodeems ech mech eng Zäit an der Wikipedia a franséischer Sprooch ëmgekuckt hat, ass et mer virkomm, datt d'Iddi vun der Wikipedia eigentlech gutt ass. Well mer dat Lëtzebuergescht méi no ass, hunn ech mer dunn iwwerluecht, eng Hand mat un ze paken. Doropshin hunn ech mer mol eng Nues voll geholl. Wat mech iewer erschreckt huet, ass den Ëmgankstoun hei. Wann ech gesinn, op wat fir eng Manéier Neier hei behandelt ginn. Kommentare wéi "Iwwerschaffen awer séier soss flitt dat Gebraddels wat net ze liesen ass" oder "wat soll dat do" di mer d'Dronkenellen aus goen. An der Wikipedia op Franséisch kritt jidder Neien eng Hand ugepakt an e kritt Rotschléi mat op de Wee. Hei schénge Féisshannebäi a Frechheeten déi Nei an d'Lëtzebuerger Sprooch an ze féieren. Et ass wierklech schued, datt sou en intressante Projet op déi Manéier, d'Manéieren ausgedriwwe kritt. An der Wikipedia a franséischer Sprooch, a sou wäit ech matkritt hunn och der der Wikipedia op Däitsch, kréie Mataarbechter, déi sech sou behuelen, vun den Administratoren e Maulkuerf un. Well 't ass net jidderengem Senges, ugeschnauft ze ginn, well säi Lëtzebuegesch net gutt genuch ass. Da wëll ech net weider stéieren. De Muerzel. 25.09.2007

Originell war et wuel[Quelltext änneren]

Originell war et schonns. Well mer hei awer net bei MySpace sinn, wier et un der Zäit, sech emol Gedanken ze maachen, wat dee léiwe Mumpitz hei soll. Fir et emol frëndlech ze soen: Spéitpubertär Elukubratiounen, a wa se nach esou originell sinn, gehéieren op d'MySpace Spillwiss. "Zesummenhängend Linken", ass dat Lëtzebuergesch? Mee, wéi gesot: originell war et wuel. --Cornischong 08:44, 25 September 2007 (UTC)

MERCI un deen Mënsch, deen dën Artikel verbessert huet[Quelltext änneren]

Ech, den 1. Verfaaser vum Artikel, wollt dem Muerzel merci soen, dass den mein Artikel verbessert huet. Ech hun aer Entwert och super fonnt, an wann jiddereen sou denken giff, dann géiffe mer lo net hei "streiden". Ech woolt eech, Muerzel, villmols Merci soen, ëch wees mir Lëtzebuerger hun dën Drang eis Sprooch sou ze schreiwen wéi mir se schwetzen, an ech wees och , dass ech nie déi Grammatik an Orthographie vun eiser Sprooch geléiert hun, an dofier Feeler maan, mee dir huet gehollef an mech net perséinlech nidder gemaach. Wann Leit, déi anscheinend een héischen Intellekt hun, well se d'Sprooch gudd schreiwen kënnen, an awer een sou roofmaan, wéi zB "wat dee léiwe Mumpitz hei soll. Fir et emol frëndlech ze soen: Spéitpubertär Elukubratiounen, a wa se nach esou originell sinn, gehéieren op d'MySpace Spillwiss. "Zesummenhängend Linken", ass dat Lëtzebuergesch? Mee, wéi gesot: originell war et wuel."dann fannen ech dat zimmlech iwwerheeflech. Bei anaren Bands déi sech net sou vill méi man, an zwee Saetz schreiwen, do as alles gudd.

As dat Wuet "Elukubratiounen" lëtzebuergesch? Nuje loosse mer et gudd sen... an eisem dach sou sozialen Staat

signé: Den 1. Verfaasser vum Artikel, den 25. September


Ech mengen den éischte Verfaasser vum Artikel huet Blatz an den Aen. Wann ech den Historik kucken da gesinn ech néirens wou de Muerzel soll verbessert hunn.
Dann zum Muerzel senge Iwwerleeung wat déi franséisch Wiki ubelangt, dat selwecht gëllt fir déi däitsch. Wann do een en Artikel brengt deen der Form net enstsprecht, an deen sou voller Feeler ass wéu den heiten, da gëtt e keng 2 Minutten al. Ech schreiwe schonns iwwer 2 Joer op der franséischer Wiki an ech weess vu wat ech schwätzen.
De Pecalux huet eng Fro zum Lemma gestallt do ass keng Äntwert komm.
De Les Meloures huet gefrot op hei en Artikel iwwer de Marc Bonert geschriwwe gëtt oder iwwer den herr marx. A beide Fäll misst den Artikel komplett ëmgebaut ginn.

Wéi wir et emol mat kloren Äntwerten Puscas 14:33, 25 September 2007 (UTC)


Sou lo mol alleguer roueg bleiwen, eta s jo naischt geschitt.

Et huet eng Persoun den Artikel verbessert, daer Persoun MERCI Dann zum Titel , den "pecalux" huet Recht: dën ganzen Numm gët kleng geschriwwen. Dann zu der Fro vum "les meloures" wou ech och well perséinlech geentwert hun: den Marc Bonert mëcht Musik, an dat ënnert dem Numm "herr marx (und die rennhunde) , egal ob heen derbei vun aanren Muséker ënnerstëtzt gët oder nët, heen nennt sech ëmmer "herr marx und die rennhunde" . Wann nach Froen sen, roueg stellen, an da gët dat Ganzt och méi frëndlech. (bonaparte)