Diskussioun:Hond

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Buggi heescht och Hond. --Cornischong 17:50, 25 Mee 2005 (UTC)

Jo, mee wann en op däitsch mat "t" geschriwwe gëtt, da misst e jo och bäi eis en "t" als Endung kréien, oder? --Otets 17:57, 25 Mee 2005 (UTC)

Den zweete Band vum "Luxemburger Wörterbuch" mengt awer op Säit 170 et wier "Hond". Jo, ech weess, mer si jo schliisslech hei net an ....... :-)) An deem Bichi si bal véier Säiten iwwer d'Wauwien dran, vun der Hondsveioul (fir méi zart Gemitter:Bëschviéilchen) bis bei d'Hondszong (der Cynoglossum officialis); a fir eis Longekrank: d'Hondsfett "Hondsfett gët vu longekranke Leit ageholl (Volksheilmittel)". ageholl !?? --Cornischong 18:51, 25 Mee 2005 (UTC)

A wéi solle mer deen "Hond" dann elo nennen? [[Buggi|Hond]], [[Hond (Biergbau)]], ...? --Otets 19:41, 25 Mee 2005 (UTC)

Am Beschte wier et, et léisst een de Buggi do eraus. Sou bleift de Buggi e Buggi an de Wauwi e Wauwi. Ofgesinn natierlech vun de Stärebiller an de Riedensaarten, déi besonnesch beim Hond eng grouss Roll spillen, eis awer elo nach keen Exeema (wéi schreiwe mer dat dann op Lëtzebuergesch???) maachen. Oder netdestotrotz?--Cornischong 21:57, 25 Mee 2005 (UTC)

Ben, wann s de d'Riedensaarten esou nëtzlech fënnts, da muss de Buggi jo nawell mat drableiwen, well watfir en Hond mengs du, datt een esou hänke geet? --Otets 22:50, 25 Mee 2005 (UTC)

Firwat nenne mer de Buggi net Buggi? Déi Saach mam Hond muss een emol nofroen, well ech wéisst emol gär, ob deen Ausdrock iwwerhapt an de Minière gebraucht gouf. Ech weess et net. --Cornischong 23:17, 25 Mee 2005 (UTC)

Wou sollt e soss gebraucht gi sinn? Mee ech ka jo och nofroen. --Otets 10:06, 26 Mee 2005 (UTC)