Diskussioun:Hubert Schumacher

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Villa Kutter[Quelltext änneren]

dat vum Marcel Breuer geplangten a vum H. Schumacher ausgeféierten Eefamilienhaus um Lampertsbierg, dat als Wunnhaus fir de bekannte lëtzebuergesche Moler Joseph Kutter realiséiert gouf. ass am Artikel ze liesen.

Den Alain Linster schreift a sengem Beitrag an der Publikatioun "L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30." doriwwer:

"Un premier projet de maison pour le peintre Joseph Kutter a été dessiné par Fritz August Breuhaus (1883-1960) et H. Rosskotten de Düsseldorf en date du 15 juillet 1927. ...le projet ne fut pas exécuté..."

"Quelques mois plus tard, Kutter ... demanda au jeune Hubert Schumacher ... de lui faire une maison de campagne." (1. Projet vum Hubert Schumacher)

"Un 2e projet présenté deux mois après (le 27.02.1928) fut autorisé et mis en chantier."- (2. Projet vum Hubert Schumacher)

Mat "maison de campagne" ass d'Villa (Atelier a Wunneng) geméngt, déi um n° 94 an der avenue Pasteur um Lampertsbierg steet. --Fliedermaus 08:34, 26. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci fir deng wertvoll Aarbecht un dësem Artikel. Ech änneren dee Passage dann an deem Sënn ëm (ech loossen dann de Breuhaus ëwech). Mäi Papp (den H.Schumacher) huet mer deemools gesoot, daat Haus wär typesch fir de Bauhausstil. Bescht Gréiss !
--Wikischuf 09:02, 26. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi séier Äntwert. Et wier awer intressant ze wëssen wat elo richteg ass. De Marcel Lajos Breuer (1902 - 1981), och wann e mam Bauhaus ze dinn hat, schéngt sech ëm 1927 haaptsächlech mam Design vu Miwwelelen ofginn ze hunn. Gëtt de Marcel Breuer a Relatioun mat der Villa Kutter an enger Publikatioun ernimmt?--Fliedermaus 09:32, 26. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hu mech dobäi op en "Hommage à H.Sch. par Victor Engels, archtecte" bezun. Hie seet an sengem Nekrolog : .....comme jeune archtecte il collabora en 1928 à la construction de la maison de l'artiste Joseph Kutter au Limpertsberg , dont les plans ont été dressées par un archtecte du Bauhaus (Breuer).
Méi wees ech och net.
--Wikischuf 13:45, 26. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Do komme mir effektiv net weider. Falls ech nach méi doriwwer fannen, mëllen ech mech hei.--Fliedermaus 14:11, 26. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]