Diskussioun:Institut de linguistique et de littératures luxembourgeoises

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"wien huet dann do eppes net bekäppt?????" freet hei een. Ma da klick emol op de Spawecklink, dann erkläerst de eis dat, wat do steet. A wann ech op d' IPSE-Säit ginn, da fannen ech "Identités. Politiques, Sociétés, Espaces". Wéi et schéngt huet een do eppes net bekäppt. E schéinen Dag nach.

D'Situatioun: Am Artikel steet: Am Januar 2014 gouf den Numm geännert. Dunn huet ee gefrot (a wéi dann?).
1) Wat hunn deen einfache Saz an d'Fro mam Spaweck ze dinn .
2) Dann zur Fro: a wéi dann?
Wéi den Numm geännert gouf ass schwéier nozevollzéien. Ech wees och net ob dat eng grouss Roll spillt. Ech kennen och net vill Artikelen op der Wikipedia wou déi Prozedur vum Nummännere beschriwwe wier. Ech huelen awer un datt et hei eng Decisioun vum Verwaltungskommitee vun der Uni (eventuell vum och zoustännege Ministère) war.
3) ginn ech dervun aus datt d'Fro schlecht gestallt war an éischter gemengt war: (Wat war den neien Numm?)
Dann dozou d'Erklärung:
Hei huet en Artikel en Numm: Institut de linguistique et de littératures luxembourgeoises.
Da gëtt een am Artikel gewuer datt en als Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises gegrënnt gouf. Dofir kéint ee sech jo da froen: firwat heescht de Lemma dann net esou?
Aus där Ursaach kritt een da gesot datt den Numm am Joer 2014 geännert huet. Am anere Fall wier dee Saz jo iwwerflësseg.
Wat ass dobäi net kloer?