Diskussioun:Jean-Jacques Becker

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

fir d'éischt emol Merci fir deen ausféierlechen Artikel. Dir hutt Iech do vill Méi gemaach.

Wéi Der gesinn hutt, hunn ech déi eenzel Kapitel e bësse stilistesch iwwerschafft (z.B. "De Jean-Jacques" duerch "de Becker" ersat - déi meescht Lieser kennen dee Mann jo net perséinlech), hei an do e Wiki-Link gesat, an un der Orthographie gefeilt. An ech hu grad gesinn, Dir hutt meng Ännerungen iwwerlies, ob ech net de Sënn vun deem verfälscht hunn, wat Dir wollt schreiwen. Sou fonctionnéiert d'Wikipedia!

E puer grondleeënd Froen hätt ech awer (do dierfen anerer och gäre mat diskutéieren): Ech fannen dat laangt Kapitel iwwer seng 'Kommunistesch Carrière' an d'no an no Sech-Distanzéieren dovunner ze vill laang geroden: Wann et och verständlech ass, dass de Mann a senger Autobiographie -zech Säite schreift, fir säi Verhalen als jonke Mann aus haiteger Siicht ze justifiéieren, so gëtt dat ganzt fir en enzyklopedeschen Artikel net vill méi hier wéi "Als jonke Mann, gestäerkt duerch den Zäitgeescht a säi familiärt Ëmfeld, gouf hie Member vun der PCF, mat der Zäit huet hien sech awer dovunner distanzéiert." Gesidd Der eng Méiglechkeet, dat Kapitel ze straffen?

Dann ass do e ganzt Kapitel iwwer den Historial de la Grande Guerre. Dat gehéiert mMn éischter an en eegenen Artikel doriwwer (kuckt: fr:Historial de la Grande Guerre). Am Becker-Artikel sollt just stoen, wat fir eng Roll hie bei der Grënnung gespillt hat, resp. wat fir eng Fonctioun en an deem Kontext huet/hat.

Schliisslech 3 Sätz, déi ech net gännert hunn, well ech de Sënn dovunner net verstanen hunn: "De Kommunismus hätt dës Stëmmung am beschten a Wieder gefaasst. An engem gewëssënem Sënn schéngt et nom ”Soljentytsine”-Effekt , daat de Kommunismus net méi weider als akzeptablen Model gesin gett."

Méi wäit ënnen, am Kapitel Beruff:Historiker: "A béide Fäll hunn d’Meenungen an d’Vahaalen eng zentral Roll gespillt." an "Et war fir den Jean-Jacques Becker am viraus kloer das hie sech géing op den Eischte Weltkrich spézialiséieren, ouni e respektivt Raisonnement. Merci, déi ëmzeformuléieren.

Souwäit emol vu menger Säit.

Bescht Gréiss, --Zinneke 21:04, 31. Mee 2011 (UTC)[äntweren]