Diskussioun:Jean-Pierre Kuborn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

D'Eydtmillen war net op der Polvermillen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:26, 8. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Am Artikel deen ech als Quell fir de Jean-Pierre Kuborn hunn (Hémecht 1987, kuck Um Spaweck) steet op er Säit 87: “... achète à la Famille Eydt un labour ... que celle-ci possède à Pulvermuhle et qui dépend de leur moulin du même nom.” Op der Säit 91 ass dann och e Plang gezeechent wou eng Millen “Moulin du Sr. Eydt” agezeechent ass. Et schéngt dann nach eng aner Eydtmillen ginn ze hunn, um Sichenhaff. GilPe (Diskussioun) 20:32, 9. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Den Emile Erpelding schreift a sengem Buch Die Mühlen des Luxemburger Landes, S. 472, am Artikel iwwer d'Polfermillen: 1808: Besitzer wird Johann Georg Eydt, Sohn des Müllers in Siechenhof. Einer seiner Söhne, Stadtarchtekt Joh. Fr. Eydt, wurde hier geboren. 1824: Eydt ist noch immer Besitzer. 1843: Der Betrieb geht an J.P. Kuborn aus Luxemburg über.

D'Stackhaus Eydtmillen an der Laurent-Menager Strooss vun där d'Gebai nach besteet an déi haut och nach sou heescht, gouf 1797 als propriété nationale versteet. Et kann een dervun ausgoen datt et ee vun der Revolutioun beschlagnahmte Besëtz vun engem Klouschter war. De Keefer war den Nicolas Eydt - Warcken an hie krut se fir 157.000 Frang.
Um Plang vun der Hémecht steet jo och net Moulin Eydt mä Moulin mam Numm vum Besëtzer hannendrun.
Am Gebai vun der Millen um Sichenhaff ass haut de Centre d'accueil et d'hébergement Moulin d'Eydt - Inter-Actions Asbl. Ech huelen mol un datt deen Numm och net vun ongeféier ass. --Les Meloures (Diskussioun) 16:48, 10. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Merci jidderengem fir déi zousätzlech Informatiounen. Ech hunn den Text am Artikel e bësse méi vague ëmformuléiert. GilPe (Diskussioun) 18:35, 10. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]