Diskussioun:Jean-Pierre Muller

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Jean-Pierre Muller" : Huet de Mann Muller oder Müller geheescht? --Cornischong 14:44, 7 August 2006 (UTC)

Op der Lëscht vun der F.S.S.L. steet "MULLER Jempy" [1], mee ob dat wierklech stëmmt weess ech och net. Steet dann iergendwou "Müller"? --Fliedermaus 15:16, 7 August 2006 (UTC)
Dat mat de Grossbuschtawen (ouni Accent) ass eng hannerlëschteg Saach. ¨--Cornischong 15:34, 7 August 2006 (UTC)

D'Mulleren zu Lëtzebuerg sinn raar geséit. Ech hun bis elo nach keen begéint. Mee wéi een sou seet alles ass méiglich. Hei schengt et mer aawer zu 99,99 an dreivéirels Prozent Müller ze sinn. Les Meloures 16:15, 7 August 2006 (UTC)

De lëtzebuergeschen Tennisspiller schéngt sech mol "Muller" ze schreiwen. [2]. Dat ass awer och keng Hëllef. --Fliedermaus 16:28, 7 August 2006 (UTC)

Den Tennisspiller schengt sech Muller ze schreiwen war op jiddenfall mol gudd ausgedréckt. Schliesslich steet daat jo op enger franséischer Säit an fir déi ass Muller=Müller. Wann et Muller op franséisch wier dann hätt de Fransous Mouller geschriww. Also op déi Säit kann een sech mam Numm elo nit verlossen. 81.244.190.191 16:40, 7 August 2006 (UTC)Les Meloures 16:41, 7 August 2006 (UTC)

Vläicht kann maar een op der Gemeng Strossen weiderhëlleffen. Les Meloures 16:44, 7 August 2006 (UTC)

De Jean-Pierre steet an der Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Bartreng awer a sengem Artikel steet kee Wuert do dervun Les Meloures 19:38, 15 August 2006 (UTC)