Diskussioun:Josy Welter (S.à r.l.)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat soll dat hei sinn. Reklamm fir Déierebutteker. An den Dessange kritt deen och en Artikel. A wéini kritt de Sternberg een an de Neuberg. --91.180.145.90 07:32, 4. Jul. 2012 (UTC)..[äntweren]

Wa weider Informatiounen iwwer d'Geschicht vun enger Firma déi zanter 1863 besteet, derbäi erauskommen, dierft dat jo net schueden. A firwat soll Sternberg, Neuberg a Bamberg da keen Artikel kréien? Nach vill ze dinn fir d'IPen --Jwh (Diskussioun) 07:40, 4. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]
Et ka bestëmmt nach vill derbäikommen. Ech sinn zwar och der Meenung datt déi Geschäfter déi et vun der Firma gëtt eréischt um Schluss sollen ernimmt ginn, an datt esou Artikele sollen ugeluecht ginn wa e bësselche méi iwwer d'Geschicht vun der Firma bekannt ass. An dësem Fall ass dat rose wéineg, an et gëtt een net vill méi gewuer wéi am Artikel Josy Welter. De Minimum bei engem Sarl's Artikel wier de Grënnungsdatum vun der Sàrl an d'Publikatioun. --Les Meloures (Diskussioun) 09:06, 4. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]