Diskussioun:Kar (Gefier)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Laut Definitioun vun der Kar hätt d'Schubbkar 2 Rieder? --Pecalux 06:48, 27 September 2007 (UTC)

Jo géif de Mann vum DFL soen, dat huet mat der Weiderentwécklung ze dinn. Hei awer net mat deeër vun der Sprooch, mee mat deeër vum Material. Wéi déi grouss Schubbkare mat zwee Rieder méi kleng goufen an nëmme méi ee Rad haten, goufe se awer nach ëmmer Schubbkar genannt. Et gëtt dobäi och deeër klenger mat zwee Rieder, vläicht besser bekannt ënner Numm Japonaise. Les Meloures 08:26, 27 September 2007 (UTC)

Chineesesch Schubbkar mat zwee grousse Rieder
P.S.
Ech hat emol hei probéiert fir eng Kar ze beschreiwen, mat dem Opbau a.s.w.
Am Artikel Schubbkar ka jo dann een erkläre wéi dat mat de Rieder ass, wéivill se der sollen oder mussen hunn fir datt et eng richteg Schubbkar ass, wéivill ee kann drop lueden, an datt datt déi déi keng Wänn hunn eng Bier oder jee no Regioun e Beiar genannt goufen. Avis aux Amateurs Les Meloures 08:34, 27 September 2007 (UTC)
Nach ee P.S: Fotoe vun allen Zorte stinn zur Verfügung et feelt just den Artikel Les Meloures 08:38, 27 September 2007 (UTC)
E Bléck an déi däitschsproocheg Wiki kéint eis vill Gediedegs erspueren. --Cornischong 08:41, 27 September 2007 (UTC)
E Bléck an déi däitsch Wiki spuert zwar Gediedegs, awer en Artikel hu mer domat nach ëmmer net.

Talk, Talk an Talk ouni Enn ann näischt geschitt. A komm elo keen, an seet mer da soll ech den Artikel maachen. Les Meloures 08:54, 27 September 2007 (UTC)