Diskussioun:Kierch Dikrech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz": Wou ass den "Artikel"? Ech gesi keen. --Cornischong 11:09, 19. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Ass dat deen eenzegen Artikel ouni Artikel, oder hu mer deeër nach? --Cornischong 16:34, 3. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Et ass wéi et schéngt fir de Moment deen enzegen. Et ass awer bei Weitem net den eenzegen deen esou ugefaange gouf. Soll ech se opzielen? Les Meloures 16:55, 3. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Vläicht fënnt sech nach eng gutt Séil, déi sech inspiréiert fillt, fir e Saz oder e bëssi méi ze schreiwen. Eng Foto mat engem bloen Himmel ass jo schon do...--Fliedermaus 17:01, 3. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

"Soll ech se opzielen?" Ma natierlech, looss mer mol soen eng Dose fir ze testen. Mer menge jo Artikele mat engem Bild ouni e Wuert Text! Also lass. --Cornischong 20:36, 3. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Hei sinn der mol zwéin déi ouni Text ugefaange goufen.

Mol deen éischten: Geschlechtsorganer bei der Fra ugefange ouni Text mat engem Bild vum Cornischong, duerno koum 9 Stonnen duerno de groussen Text 5. Klitoris.
Den zweeten: Geschlechtsorganer beim Mann ugefaangen ouni Text vum Cornischong Mat der Opfuerderung am Kommentär (Einfach d'Nimm draschreiwen)
Dat geet fir haut emol duer. Et ass alt erëm wéi schonns esou dacks, viru senger eegener Dier gëtt net gekiert, awer aner Leit kreie fir déi selwecht Situatioun Bemierkunge gemaach.
Dann nach zum Artikel Geschlechtsdeeler bei der Fra. Do stoung am Commentaire Hei wäert et goe wéi beim Piano Ech hat gefrot wat dann dann do gaange wier a wéi et hätt misste goen. Ech krut natierlech ni eng Äntwert. Wann ee seng Commentairen net kann explizéiren huet ee besser et léist een se op der Säit. Doriwwer gouf och alt mol op der Wiki geschriwwen. Commentairen déi aner Mataarbechter an de Rezenten Ännerunge liesen, an net kënnen eraufanne firwat se gemengt sinn, sinn iwwerflësseg, a stéieren nëmmen.

Les Meloures 21:17, 3. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Deen heiten Artikel intresséiert dech och bestëmmt: Kierch Boukels. (Ausser engem Kuckt och kee Saz Text)
An deen heiten: Kierch Dellen (Ausser engem Kuckt och kee Saz Text)

'T ass gutt, ech mengen, mer hunn elo all verstanen. --Zinneke 22:15, 3. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Kierch Dippech: Ugeluecht den 22 August 2005, den 23 August kënnt d'Reklamatioun vum Cornischong (an den Text?) En Ufankstext kënnt komescherweis vun deem, deen hei an der Diskussioun nom Text gefrot gëtt, nämlech der Fliedermaus den 21. Mee 2008. Deen Artikel war deemno zweeanenhalleft Joer ouni Text. Les Meloures 22:22, 3. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Perched upon a bust of Pallas just above my chamber door -
Perched and sat, and nothing more. --Cornischong 09:50, 4. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]