Diskussioun:Klitoris

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech proposéieren, deen Artikel hei op "Klitoris" ze réckelen. "Gäipmännchen" ass, wann och e sympateschen, ee (vu méi) ëmgankssproochlechen Termen. Dat männlecht "Equivalent" soll jo och ënner "Penis", an net "Bunnes" oder "Krini" lemmatiséiert ginn.

Och d'"Schimmtbeen" fannen ech net 100%eg, well am Lb. "Been" soss net fir "Schank" gebraucht gëtt. Wat haalt Der vu "Schimmtschank"?

D'dierf gär (fir eng Kéier) diskutéiert ginn, an deem Beräich ass sproochlech nach jet ze definéieren.

Sou oder esou, gutt, datt emol méi Anatomie hei agefouert gëtt.

--Zinneke 23:07, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


"ech proposéieren, deen Artikel hei op "Klitoris" ze réckelen" schreift een, an zwou Minutten drop, ouni datt iwwerhaapt ee seng Meenung hätt kënne vu sech ginn, huet en et geréckelt. Ech bewonneren déi Zesummenaarbecht. --Cornischong 23:22, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, Ee Klick, an 't ass nees réckgängeg. Mee da w.e.gl. och mat Begrënnung.--Zinneke 23:43, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Wann ech "Schimtbeen" (os pubis) oder "Schimtschank" baussend dem Kontext liesen oder héiren, kann ech mär spontan näischt drënner viirstellen. Ënnert "viischt iewegt Hëftbeen (oder -schank)" (riets oder lénks) kléngt dat mär schon méi verständlech, mä et as alt erëm méi ëmständlech ëmschriwwen. Ech hun och alt emol de Begrëff "Schratt" (Schrëtt) héiren > lénken a rietse Schratt(Schrëtt) ??? Ech denken, wa mer méi déif an en lëtzebuergesch Beschreiwung vun de Genitalien an och aaneren Kierperdeeler eraklammen, kommen nach e puer esou kribbeleg Denominatiounen op eis zou. z.B. Eileiter, wier dat eng Eelieder oder en Eeleeder :lol: A wa mer schon beim Vagin sin: Schimtlëpsen, Venushiwwel,... as et eng Spléck, eng Scheed oder einfach e Mammemond ? Interessant as eet op alle Fall

schéinen Owend --Azeton 04:22, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

"Schimmtschank" wier effektiv eng wikipedianech Neikreatioun. Dat steet am Fong am Widdersproch zum Prinzip, ze beschreiwen, an net z'erfannen; mee: wéi beschreiwen ouni d'Wierder derzou, déi ee sech dann "erfannen" (besser:adaptéiern) muss? Mee et ass eng kriddelech Saach. Den Artikel iwwer déi Schank giff kloer maachen, wou déi Schank ass. "Schratt" ass e bewosst onpräzisen Euphemismus fir d'Geschlechtsdeeler, an huet net vill enzyklopedesche Gehalt. "Eeleeder" klénkt vläit ongewinnt, mee beschreift, wat e mécht: d'Ee(zell) ze leeden. Zu gudder Lescht: "Ass et eng Spléck, eng Scheed oder e Mammemond?" Dat hänkt dervunn of: "Spléck" ass fir mech dat Baussenzecht vum weibleche Geschlecht, deemno d'Vulva. "Scheed" ass de Vagin "u sech", a "Mammemond" déi Ëffnung tëscht der Scheed an der Matrice (Uterus). --Zinneke 21:26, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Zitat: "Spléck" ass fir mech dat Baussenzecht vum weibleche Geschlecht" ^^ ähm,... wuel éischter dat Baussenzecht vum weibleche Geschlechtsdeel (wa mer schon Hoër splécken, da wgl richteg ^^ ) Mat de Schanken ass dat e bësse méi komplizéiert: e Metzler "schankt" e Rëppestéck net aus, mä e "beent" et aus. Zu den Begrëffer sollte mär eis eens gin, op mer se op "lëtzebuergesch" schreiwen. A wa mer keng Wieder fir eppes hun, dann adapteíren oder souguer kreéiren (ech mengen et as jo net verbueden en Sprooch ze beräicheren) an/oder eis net "schummen" fir Ausdréck ze benotzen déi mer hun, esou wäit wéi mer der hun. Mer kënnen och alles op lanténgesch schreiwen, mä dat kënne der hei nach manner liesen wéi eis Sprooch. Kommt mer verkorksen eis aarm Sprooch net nach méi ^^ --Azeton 02:23, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Iwwer déi Déngen tëscht de Been[Quelltext änneren]

Wann hei Säite voll getut gi mat iwwerflëssegem Kabes ( "Diskussiounssäit :Uewerwampech") da geet et dës Kéier mol ëm eppes Wichteges. De Grond: Do wäert nach allerhand op eis zoukommen, wa mer eis emol endlech mat "Kierpersaachen" ofginn. Awer, der Rei no:

Ech si prinzipiell net "begeeschtert", wann een "einfach esou" eppes Wichteges ännert, an da mengt, et "D'dierf gär .... diskutéiert ginn", an zwar duerno.
De Fall "Gäipmännchen" ass ganz einfach: Dat Wuert steet an "eisem" Wiederbuch. an zwar op der Säit 15 vum zweete Band. An do steet näischt vun "Ammensprache", näischt vu "lok." oder esou. Do steet "Gäipmännchen M.: "Klitoris". D'Wuert Klitoris steet tëscht Gänseféisercher, dat heescht am L.Wörterbuch, datt et dat däitscht Wuert dofir ass!!!
Mer hate schonns "Brimborium" iwwer Ausdréck a Behaaptungen: den "Daggi", de Fall "Holocaust / Shoah", déi allenzwee net grad "positiv" ausgaange sinn.
"well am Lb. "Been" soss net fir "Schank" gebraucht gët": Soll dat alt sinn? Mär fält alt d'Huwwelbeen oder "Iwwerbeen" an.
Wat mech deet, dëst iwwerhaapt ze schreiwen: Lo hu mer am Lëtzebuergeschen en Ausdrock fir eppes, an zwar e richteg lëtzebuergeschen, an dobäi e ganz aartlechen, deen etymologesch e Fong huet, an da soll d'Chasse iwwer deen Ausdrock gezu ginn. Ech fannen dat e staarkt Stéck! Wéi et mam Lëtzebuergesche steet, kréie mer all Dag mat.
Wéi et hei mam Lëtzebuergesche steet, mierke mer, wa mer den DLW mat sengem Zwilling vergläichen; ee Gewurschtels no deem aneren. Wa mer hei de männleche Pendant vum Gäipmännchen ernimme wëllen, da brauche mer kee Krini, wéi schonns heidriwwer geschriwwen, mee wa mer op déi "Saachen" déi dorënner kludderen ze schreiwe sollte kommen, da sinn ech emol gespaant, wéi déi genannt ginn. 't ass vläicht dowéinst, datt hei léiwer iwwer Vëloscourssen oder Stäre Rieds geet?
.Um provisoreschen Enn mol nach eng praktesch Fro (keng rhetoresch!): Wéi heeschen déi däitsch "Schamlippen" (déi grouss an déi kleng) an den "Harnleiter" op Lëtzebuergesch? Merci am Viraus.
"ee (vu méi) ëmgankssproochlechen Termen": Ma déi ganz lëtzebuergesch "Sprooch" (!) ass eng Ëmgankssprooch.
Oder awer léiwer op Latäin? Mer hate virum Kuerzem jo e latinistesche Pauseclown hei an de Riddosstaange kloteren.

--Cornischong 08:08, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,

Ass et net méiglech bei esou Diskussiounen, bei der Saach ze bleiwen, ouni al Kamellen aus dem Schaf ze huelen, an al Diskussiounen opzewiermen, oder mat dem Fanger op Mataarbeechter ze weisen, egal a waterenger Form se sech hei presentéiert hunn. Ass dat Wikipedianesch? Brengen mer et net fäerdeg iweer eng Saach ze diskutéieren ouni ale Kaffi opzewiermen.? Les Meloures 09:29, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Ps déi Saachen déi dorënner kludderen sinn d'Jicken. Les Meloures 10:35, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Sur la forme: Wéi gesot, meng Meenung zielt esouvill an esou wéineg wéi déi vun aneren och. Dass ech soen, firwat ech réckelen, an et da maachen (quite, dass et nees réckgängeg gemaach ka ginn), ass einfach, well mer schonn zevill Diskussiounen haten, déi an d'Eidelt gelaf sinn, an herno ware mer sou schlau wéi virdrunn. Sollten der méi (wéi ech) fir eng Lemmatiséierung ënner "Gäipmännchen" sinn, da réckele mer alt nees hannescht - eng Saach vun 10 Sekonnen.

Linguistesches: Jo, d'Lëtzebuergesch ass eng (virun allem) geschwate Sprooch, mee och do ginn et stilistesch Varianten (vulgär, familiär, gehuewen, Jugendsproch, vereelzt, Lokalvariant, asw.). Mengem Versteesdemech no soll hei a) déi "neutral", d.h. keng vun de virechte Beispiller, a b) déi am meeschte gebräichlech (a verstane) Form de Lemma sinn. Manner gebräichlech Forme kënnen no Häerzensloscht am Artikel ernimmt ginn.

Datt e Wuert am "Wörterbuch" steet, ass u sech "just" en Hiweis, datt een dat gebraucht (huet), mee: a) d'Wörterbuch ass kee Lexikon: E Wierderbuch erkläert Wierder, e Lexikon Saachen, Konzepter, Persounen, asw.; b) d'LWB gëtt de Sproochstand vu viru 70 Joer erëm. Nach eng Kéier: Grad naturwëssenschaftlech Begrëffer solle méiglest präzis sinn; net zulescht dofir gëtt a ville Sproochen de laténgeschen Numm dobäigesat, fir all Onkloerheeten ze verhënneren.

Déi Loschtknippchen, ëm déi et hei geet, heescht op Latäin, an ass an deenen allermeeschte Sproochen, déi ech liese kann, ënner, "K/Clitoris" lemmatiséiert (eng schéin Ausnam: de finneschen "Häpykieli"), an ass deemno och ënnert deem Lemma an eisen Nopeschsprooche-Wikien ze fannen (och do ginn et sécherlech méi "léif" Ausdréck ewéi "Klitoris", déi dach staark no Dokter kléngt). Dofir fannen ech, dat sollt och hei d'Lemma sinn.

Zu deenen "aneren" Organer, Kierperdeeler, a soss Zellformatiounen: Och do si mer eis der Tatsaach bewosst, dass mer op Lëtzebuergesch keng wëssschaftssproochlech Virbiller hunn an d'Rad selwer erfanne mussen. Mee do gëllt et wéi bei Allem: méi wichteg wéi d'Diskutéieren iwwer Detailer,oder wéi ee fir dat eent an dat anert soe soll, ass et emol en Artikel selwer ze schreiwen, datt eng Grondlag do ass. Hei hu mer jo schonn emol en Ufank. --Zinneke 19:47, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Gudden Nowent, ech si ganz d'accord mat dem Zinneke sengen Iwwerleeungen, also mat der Lemmatiséirung ënner Klitoris. --Cayambe 20:18, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Dee Krich ass nach net verluer, souguer eis grouss Nopere vun déisäit der Musel hunn nach keen Artikel Anatomie vum Mënsch Les Meloures 22:20, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Vläicht hun se déi selwecht Problemer wéi hier Noperen dëssäit vun der Musel. Da géiw et Zäit dat mär hinne weise, wéi een dat mecht ^^ --Azeton 02:23, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

@ Azeton: Genéier dech net, fuer duer. :-) Les Meloures 16:01, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Den Zinneke huet Recht. Ech si fir "Klitoris". --Pecalux 07:40, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

An ech sinn dofir, datt no deem ganze Gebraddels wéinegstens d'Nimm bei d'Zeechnunge kommen. Eng Äntwert op meng Lëpsefroe wier och alt net vu Muttwëll. --Cornischong 07:54, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Vu water Zeechnunge geet hei riets? Am Artikel gesinn ech keng. Les Meloures 16:05, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]