Diskussioun:Krichsmonumenter zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

D'Monument zu Diddeleng ass fir Affer vu 1794. Kann een dat schonn an Zesummenhank mam Klëppelkrich bréngen? --Les Meloures 21:57, 3. Mee 2011 (UTC)[äntweren]


Moien,

ech mengen déi Foto vum Cayambe weist net dat Monument am Zentrum vu Klierf, oder ieren ech mech do. --Les Meloures (Diskussioun) 22:00, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Bei der Foto steet rue du Parc, waat awer net esou wäit vum Zentrum ass, wéi mer schéngt.--MMFE (Diskussioun) 22:37, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]
D'Monument läit um lénken Uwänner vun der Klierf, den Zentrum um rietsen Uwänner. D'Monument steet um Rand vum Bësch, net wäit vum Zentrum ewech. Méi richteg ass also: um lénken Uwänner vun der Klierf, net wäit vum Zentrum vun der Uertschaft ewech. Cf. och d'Koordinaten an der Beschreiweung vum Bild. Gutt Nuecht, --Cayambe (Diskussioun) 22:58, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]
Hunn dat lo g'ännert. --Cayambe (Diskussioun) 23:01, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Et ass e Monument zu Fëschbech bäikomm. Ech huelen emol un datt Fëschbech bei Miersch gemengt ass. --80.200.201.29 16:10, 23. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

jo --Corto lu (Diskussioun) 10:31, 28. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]