Diskussioun:Kubakris

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zitater aus dem Zilinder[Quelltext änneren]

En Zitat, dat net beluecht ass, ass kee roude Su wäert!! Datt mer hei Zitater vun Amerikaner eng Kéier op Englesch hunn (wat u sech an der Rei ass), an déi aner Kéier op Däitsch ass op d'mannst net logesch. "- De Chruschtschow am Mee 1962 zu sengen engsten Vertrauten en vue vun den an der Tierkei an an Italien stationéierten US-Atomrakéiten ": Wien ass den "engsten Vertrauten" a wéi kënnt et datt deen eis zielt, wat de Chruschtschow zu him sot. Mat deem do System erzielt eis nach een, datt de Kennedy zu sengem Gäertner gesot huet, "ech hunn de Réck wéi", nodeems hien de Russen den Ultimatum gestallt huet. Virun zwéi Joer hu se an der däitscher Wikipedia och mat net beluechten Zitater ëm sech gehäit. Déi Zäit hunn ech mer d'Méi gemaach, se nozekucken; vun zéng war vläicht eent richteg. E Beispill: "Democracy is the worst form of government - except for all those other forms, that have been tried from time to time. (Demokratie ist die schlechteste Regierungsform - außer all den anderen Formen, die von Zeit zu Zeit ausprobiert worden sind.) – In einer Rede im Unterhaus am 11. November 1947. ": Den 11. November huet den Churchill iwwerhaapt net am House of Commons geschwat! Dat "Zitat" ass hott an har ze fannen; just wou ass de Bewäis? All Riede virun de beede Kummeren sinn um Spaweck ze liesen! --Cornischong 09:13, 14 August 2006 (UTC)

Du kanns et jo verbesseren, wann et falsch ass, dat ass dach den Prinzip dass de eben eppes verbesseren kanns! Gloooooo 20:25, 14 August 2006 (UTC)

Ech misst de Prinzip vun der Wikipedia ganz falsch verstanen hunn. Et geet kaum drëms, datt een all Kabes drantippt an dann drop waart, datt déi Aner et sënneren. --Cornischong 01:46, 15 August 2006 (UTC)
Ech hun rem en Zitat rangestallt, wat beluecht ass: cf: http://www.geschi.de/artikel/kubakrise.shtml http://de.encarta.msn.com/media_461539138_721525711_-1_1/Kennedy_zur_Kubakrise.html Irr enn alles lecht, kann en och kuken wat en lecht! Gloooooo 09:26, 15 August 2006 (UTC)

Zäittafel vun der Kris am Oktober 1962[Quelltext änneren]

Zu der eigentlecher Kris koum et am Oktober 1962.

Ass duerno nach eppes geschitt oder war dat alles?

Et wir flott wann mol eng Kéier een Artikel géif fäerdeggeschriwwe ginn amplaaz der honnert unzefänken.Les Meloures 09:08, 14 August 2006 (UTC)

Copy / Paste an d'Folgen[Quelltext änneren]

""The Fog of War: Eleven Life of Robert S. McNamara", Dokumentation.": Den Titel vun deem Film ass "The Fog of War: Eleven Lessons from the Life of Robert S. McNamara". Et gi Grënn, méi kritesch ze sinn, wann et drëms geet Texter aus anerer Wikiën z'adoptéieren. Ech änneren et mol nach net, ech wëll wëssen, ob een op dat hei reagéiert. --Cornischong 09:27, 14 August 2006 (UTC)

Anscheinend net. --Cornischong 01:42, 15 August 2006 (UTC)