Diskussioun:Kuelbecherhaff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

De Kuelbécherhaff ass en "nationalt Monument". OK, mee firwat? Wat ass d'Geschicht vun deem Haff oder vun där (klenger) Uertschaft, déi mol als "Calenbach" a verschiddenen Dokumenter vum 18. Jh. optrétt? Gëtt et een Zesummenhank mam Mariendall (Nonneklouschter)? Oder souguer mat der Abtei Saint-Hubert am Weste vum alen Herzogtum Lëtzebuerg? Indizië schéngen dat ze beleeën... Wie weess do méi? - C.

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!