Diskussioun:Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir de Fridden

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nimm vun den Dréier[Quelltext änneren]

Robert Cecil heescht de Mann einfach esou. Mee ënner deem Numm wäert keen e siche goen. Awer, wien heescht schonns hautesdaags wéi en heescht. Wa mer déi franséisch Marschäll (oder d'Marschallen oder d'Marschaller oder d'Maréchauxën oder d'Maréchauxe kommen) hannerun eis hunn, wäert dat Alles scho besser rullen, hofft de --Cornischong 12:23, 26 Mäe 2005 (UTC)

Doublon Lëscht Nobelpräis Fridden / Lëscht Friddensnobelpräis[Quelltext änneren]

Mär hu schonn eng "Lëscht Nobelpräis Fridden". Dat heiten ass also am Fong geholl en Doublon (oder ëmgedréint)... --Otets 09:59, 1 November 2005 (UTC)

Mäi Feeler! Hat zwar gekuckt, mee an d´Zukunft muss ech fläischt wierklech méi op Google setze fir hei eppes ze fannen ... D´Lëscht Nobelpräis Fridden ass evtl. besser well se scho kontrolléiert/diskutéiert gouf (virun allem d´Nimm vu den Organisatiounen). Dat eenzegt wat bei dëser Lëscht emfong anescht ass, sinn déi zousätzlech Informatiounen zu den Ursprongslänner vun de Gewënner. NB: Lëscht Nobelpräis Fridden ass als Deel vun de Referenztabellen markéiert, steet do awer net dran. Kaffi 12:37, 1 November 2005 (UTC)

D'Nimm vun den Organisatioune sinn eventuell besser bäi der Lëscht Nobelpräis Fridden, awer wann, dann och just well ech an der Zäit eng Kéier driwwergeflu war. Bäi de Persounennimm hunn ech awer näicht gemaach gehat an do gesinn ech dann och prompt de Gorbatschow falsch geschriwwen. Wann s du kéins d'Organisatiounsnimm op denger Lëscht iwwerpréiwen, da géif ech de Rescht maachen (Format, réckelen, Kat., etc.), sou datt mer dann deng "Lëscht Friddensnobelpräis" ënnert dem neien alen Numm "Lëscht Nobelpräis Fridden" kéinten halen (ënnert deem hunn ech iwregends elo grad d'Referenztabelle geupdate). --Otets 20:16, 1 November 2005 (UTC)

Gudd Iddi! D‘Nimm vun den Organisatioune ware bei “menger“ Lëscht souwisou net onbedéngt ëmmer dat gielt vum Ee. Ech probéieren déi zwou Leschten haut oder muer nach ze synchroniséieren an alles nach eng Kéier ze iwwerpréiwen. Merci och fir den Update! --Kaffi 20:52, 1 November 2005 (UTC)

Hunn d´Lëscht elo nach eng Kéier duerchgekuckt an un d´Lëscht Nobelpräis Fridden ugepasst, respektiv Nimm an Organisatiounsnimm gréisstendeels dovun hei agebaut. Et sollten elo manner Feeler dra si mä ech wär frou wann dat nach eng Kéier ee kéint iwwerpréiwen.

Bemierkung zu den Organisatiounsnimm: D´Organisatiounsnimm hunn ech gréisstendeels esou si gelooss och wann ech net ëmmer ganz zefridde mat de relativ onsystemateschen Iwwersetzungen op lëtzebuergesch si, mä soit. Näischt wat sech net mat Redirecten an de Grëff kréie léisst. Haaptsächlech bei denen Iwwersetzungen wou den original Numm op franséisch ass, hunn ech dësen hannendru gesat. Wann alles esou an der Rei ass (no evtl. Verbesserungen) kenn des Lëscht eriwwer an d´Lëscht Nobelpräis Fridden kopéiert gi an de Numm Lëscht Friddensnobelpräis geläscht gi. --Kaffi 19:11, 3 November 2005 (UTC)

Haut den Owend hunn ech leider keng Zäit fir eventuell Verbesserungen, mee dat kënnt nach. Ech hunn awer schonn deng Lëscht geplënnert, dann ass dat alt gemaach. Déi al Versioun fannen ech jo ëmmer nach am Historique, et geet näicht verluer. --Otets 20:11, 3 November 2005 (UTC)