Diskussioun:Lëscht vun de Schwäizer Flëss

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech fannen hei ënner A de Floss Adige an der Schwäiz. Ech hu mech elo arem gesicht vir deen irgendwou erëm ze fannen. Ech fannen iwwerall nëmmen deen italieeneschen. Kann et sinn dass d'Adige nach e puer Meter an der Schwäiz leeft éiert se an Italien ass oder gët et der vläicht zwéi mat deem selweschte Numm. Wann een do eppes méi wees wier ech frou fir mech och méi schlau ze maachen. Les Meloures 00:17, 3 September 2006 (UTC)

Tjo, dat ass (wéi sou Villes) aus der gudder aler Zäit, an där mer eis zu e puer krepéiert hunn, fir alt eppes op d'Been ze setzen. A mer probéiert hunn, sou vill wéi méiglech ze maachen. Dat ass haut alles vill anescht; haut ginn et der méi, déi méi genee schaffen: All Dag een zwéi Buschtawe g'ännert, da komme keng sou Topegkeete vir. An dësem Fall ass et d'"Etsch" déi aus dem Spaweck de Wee heihinner fonnt huet. Meng Sich mam Guggel huet allesdéngs eng hallef Minutt gedauert. Da stellt sech och nach de Problem mat der Méisproochegkeet. Ech schloen natierlech vir, déi Lëscht ze läschen. --Cornischong 00:41, 3 September 2006 (UTC)

Dass et d'Etsch ass daat war alt sou zimmlech gewosst, weinsten waat den Italieenesche Floss ugeet. Meng Fro war einfach wëll se jo do zimmlech op der Grenz entspréngt op se vläicht och nach e puer Meter an der Schwäiz leien huet. ? Et wees ee jo nii alles sou richteg. :-) Les Meloures 00:48, 3 September 2006 (UTC)