Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et ass interessant fir e puer Nimm vu Waasserleef bäizekréien, awer: Wou leeft d'Albaach?? --Cornischong 13:07, 14 August 2005 (UTC)

Wéi nenne mer d' "Clerf": Clerf, Klierf oder ...? --Cornischong 11:30, 12 Oktober 2005 (UTC)

Ier hei dat grousst Geréckels a Gefréckels weidergeet: Fir d'éischt wier et praktesch fir sech z'eenegen wéi mer dat Gepuddels nenne wëllen. Soss gëtt all Mount alles nees ëmgefëllt, fäert de --Cornischong 14:35, 6 Februar 2006 (UTC) An: Kënner mer déi Diskussioun hei féieren, soss sëtzt jidderee bei senger Baach ze poteren?

Alles ënnert Waasserleef, dat misst effektiv eng nohalteg Kategorie ginn. --Otets 14:54, 6 Februar 2006 (UTC)

Fir Ltz kéint een och festleeën datt alles Baache sinn ausser Mousel, Our, Sauer an Uelzecht (-> Flëss wéinst Längt, Débit, Zuel vun den Zouflëss a Fläch vum Anzuchsgebitt) --Marcus 15:28, 6 Februar 2006 (UTC)

Kéint een, bis datt ee reklaméiert a senger Gemeng dat wier keng Baach, well déi och bäi Héichwaasser e groussen Debit huet, an dann däerfe mer nees erkläre firwat net a firwat iwwerhaapt. Fir de Rescht hues de awer Recht. --Otets 15:42, 6 Februar 2006 (UTC)