Diskussioun:Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Rëmeleng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Fichier:KoartKadaster134 555.jpg

Geet et wierklech ëm d'Parzell 134/556, well esou eng hunn ech net fonnt (kann awer sinn datt ech e ze blann war)? Eng Parzell 134/555 schéngt mer méi plausibel, well déi hunn ech wéinstens fonnt, mee do stellt sech dann d'Fro op d'Gebai 1 oder 2 gemengt ass. Weess een do méi, da kéint ech eng Foto ma goen? --Otets 15:31, 27. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech géif alt emol soen et wier dat, wou lo den Atelier vum Zichelchen dran ass. Dat anert wou d'Schmëdd dran ass war e Wunnhaus souwäit wéi ech weess. --Les Meloures 16:55, 27. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Ah jo, well dat u sech en duebelt Gebai ass. Mee op alle Fall net dat wou de Restaurant dran ass? Mee da wier egal wéi op der Artikelsäit d'Kadasternummer falsch, oder? --Otets 17:57, 27. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Et ass net déi eenzeg Parzell bei den Numero net méi stëmmt. Dat sinn al Kadasternumeroen déi eng Kéier zesummegefaasst goufen. Awer de Sites et Monuments krut dat net matgedeelt an en huet och anscheinend ni gefrot, soss misste warscheinlech zevill Redressementer gemaach ginn. --Les Meloures 19:01, 27. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Mär (also ech) kënnen dat awer an eisen Artikel ännere goen, oder net? --Otets 19:38, 27. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Ofgerappt Haiser[Quelltext änneren]

Dat ass e gutt Beispill fir de Wäert d'Glafwierdegkeet vum Monumenteschutz. Kleng Leit kréien den Damp waarm gemaach wann se eppes un engem ale Schapp ännere wëllen an hei gi bannt engem Joer 4 Haiser einfach wechgerappt. Do gesäit ee wéi et ass wa genuch Mënz hannendru stécht. --87.66.202.164 10:12, 12. Mee 2014 (UTC)[äntweren]