Diskussioun:Lancaster Memorial zu Wäiswampech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eis Sprooch[Quelltext änneren]

Ech hu bestëmmt näischt géint den Dialekt aus dem héige Norden an ech bewonneren déi Leit, déi sech dervir asetzen datt dësen Dialekt erhale bleiwt, mee ...., ech mengen, wa mer wëllen eng sériös Enzyklopedie opbauen, déi nët nëmmen fir Lëtzebuerger geduecht ass, da musse mer eis strikt un eng bestëmmte Sprooch oder Dialekt halen. Oder solle mer vläicht d'Artikelen vun der Musel am Miseler-Dialekt an déi aus dem Minett am Minett-Dialekt schreiwen? Ech proposéieren dem Auteur vum "Lancaster Memorial" e Spezial-Artikel iwer seng intressant Sproochweis ze schreiwen. Wat mengt d'Kommunautéit ?? -- Carlos 07:53, 24 Oktober 2005 (UTC)

Salu, Meng Äntwert op deng Fro. Kuck elo emol den Artikel. Johnny Chicago 09:51, 24 Oktober 2005 (UTC)

Moien,

Den Text steet wuertwiertlech esou um offizielle Site vum Memorial (lancaster.lu]). Vläit wier et dat einfachst, en hei ze resuméieren, an de Link ënnen e bësse méi däitlech ervirzehiewe (fir op de kompletten Text ze verweisen)?

--Zinneke 10:32, 24 Oktober 2005 (UTC)

Salu Zinneke, Ass et elo wéi's du dir et virgestallt hues. Johnny Chicago 10:56, 24 Oktober 2005 (UTC)


Moien,

Am Artikel ass eng Foto mat dem Text Lancaster Memorial zu Wäisswampech. Op der Foto vun der Kapell beim Mémorial steet Ouren. Wou steet et dann elo. Huet vläicht een d'Méiglechkeet fir d'Koordinaten erauszefannen.

Merci am Viraus Les Meloures 09:54, 12. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien och.
De Lancaster Memorial steet weder zu Wäiswampech, nach zu Ouren (well da stéing en an der Belsch). E steet hei, op der belscher Grenz (Grenzsteen LBN55), ganz genee op de Koordinaten 50° 8’ 29’’ N
      6° 6’ 47’’ O
.
--Pecalux 12:19, 12. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Merci fir déi prezis Äntwert.
Les Meloures 13:47, 12. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

HK 564 AA-P - Information needed please[Quelltext änneren]

Hello

I am a British resident living in Luxembourg. My father died a month ago. He was a Wing Commander for the RAF during the war. Looking at his log books I typed in the above reference and find the Luxembourg link. He flew this particular Lancaster for many years (and crash landed it in UK). The plane was called 'Hell's a Poppin'. It is very strange that I now find this plane crash landed in Luxembourg, my adoptive country. I should like to know more and to visit the memorial. Unfortunately my Luxembourgish is not that good. Can someone help with the translation. or better, meet up with me? I should love to see the memorial and to find out about its history.

Many thanks. Sue Finch


Hello Sue Finch,

Please contact Admin. Les Meloures 0032 43 55 35 43. Pierrenilles 11:41, 15. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]