Diskussioun:Luxemburger Wörterbuch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Am Februar 1950 ass dann déi éischt Liwwerung, vun A bis Aaschtert, erauskomm.": - Am Band V steet dat esou do, mee do steet och, datt deen éischte Faszikel vun "A - Aaschtert" géing an den zweete vun "Aascht - Bereimerei". Dobäi kënnt Aaschtert hannerun Aascht.--Cornischong 10:07, 23 Januar 2007 (UTC)

"Dobäi kënnt Aaschtert hannerun Aascht". Wéi mengs du dat? Aphabetesch gesinn (Theorie) oder wéi se am Luxemburger Wörterbuch stinn (Praxis).--Fliedermaus 10:20, 23 Januar 2007 (UTC)

Alphabetesch gesinn op alle Fall. An dësem Fall och wéi se am LW stinn. Den Iwwergank vu Säit 10, déi ophält mam Ufank vum "Aascht", op Säit 11, déi ufänkt mam Enn vum "Aascht" an da weiderfiert mam "Aaschtert"). --Cornischong 10:57, 23 Januar 2007 (UTC)

". Et gouf näischt dru verbessert, ausser Wieder bei deenen et zu enger feelerbedengter Sënnännerung koum war." Do kommen ech net no. Do kéint ech e puer Beispiller gebrauchen. A wien huet dat vebessert? Gouf do och an de Bänn I-IV eppes verbessert oder mengs de just de Band V, dee jo "Nachträge und Berichtigungen" heescht? Hues de den LW virun der leien oder zitéiers de vun anzwousch anescht? Wanns de den LW hues, ass dat den "Original" (also wéi en a Faszikelen erauskoum" oder eng Oplo vu méi spéit, déi scho gebonne war? Oder déi vum Schortgen, déi nom Zirkus hannendru getrëppelt koum? Soss kéinte mer laanschtenee schwätzen. Wann s de déi vum Schortgen hues, da kéins de mer soen, wat an deeër beim "Copyright" steet. --Cornischong 11:11, 23 Januar 2007 (UTC)


Zur Sënnännerung: Ech hunn do keng konkret Beispiller aus dem "Luxemburger Wörterbuch". Mä wann e "Buer" aplaz "Bur" schreift ännert de Sënn, well déi zwéi Wieder verschidde Bedéitungen hunn. Zu de Verbessungen: Ech liesen dat nach eng Kéier no, mä et misst d'Dictionnaires-Komissioun gewiecht sinn an déi och an de Bänn I-IV Verbesserunge gemmaach huet. "Bösch" ass awer "Bösch" bliwwen, an ass net "Bësch" ginn (si hunn do déi al Orthograpie bäibehalen). Zur Oplo vum Buch: Ech hat d'Oplo vun der "Dréckerei Beffort" vun 1978 fir mech ze dokumentéieren. Den Tableau mat de Liwwerungen hunn ech aus dem Band V iwwerholl vun där Oplo. Mat wat fir Wieder déi eenzel Fasciculen (Versioun vun der éischter Liwwerung) ugefangen an opgehalen hu gesinn ech also net bei de Versioun "Beffort 1978". --Fliedermaus 11:58, 23 Januar 2007 (UTC)

"Nur sinnstörende Druckfehler wurden berichtigt." steet am Nowuert am Band V S. 205 (Beffort 1978). Ënnert dem Text steet keen Numm.--Fliedermaus 08:29, 24 Januar 2007 (UTC)