Diskussioun:M26 Pershing

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann een déi technesch Donnéeën an eng "flott" Këscht apake wéilt, wier dat scho guer net schlecht. --Cornischong 21:34, 5 September 2006 (UTC)

Kann do e(ng) Këschtespezialist(in) mol e Virschlag maachen? Mer mussen net "onbedéngt" alles an d'Këscht setzen, soss gëtt et e Roman. Mee e puer aner Tankse kéinten nokommen. --Cornischong 21:43, 5 September 2006 (UTC)

Ech gin mol kucken waat et esou vu Këschte gëtt awer haut nit méi ech sin geschwënn 42 Stonnen op de Been daat geet duer. Les Meloures 21:45, 5 September 2006 (UTC)

Da lee du dech emol léiwer flaach. Gutt Nuecht. Et wäerte jo nach aner Leit op der Nuetschicht sinn. Do gesäit een awer, wann d'Myriam net hei ass, da leeft näischt méi!! --Cornischong 21:49, 5 September 2006 (UTC)

Ech maache maar eng Këscht ass kee Problem si ass viru Mëtteg do Les Meloures 22:33, 5 September 2006 (UTC)

Mar? Ass dat net haut? --Cornischong 22:39, 5 September 2006 (UTC)