Diskussioun:Manzebaach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Heescht déi Baach elo Manzebaach Fiels oder einfach Manzebaach? Wann et einfach Manzebaach ass da misst ee, mengen ech Manzebaach (Fiels) schreiwen.Johnny Chicago 14:03, 6 Februar 2006 (UTC)

Dat ass richteg: also Manzebaach eleng oder Manzebaach (Fiels). Ma ech mengen ech kann dat wuel net selwer verbesseren.--Menhir 11:52, 7 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn et elop op "Manzebaach" geréckelt, mee du häss dat awer och selwer maache kënnen, einfach uewen op der Säit op de Reider "réckelen" drécken. --Otets 13:43, 7 Februar 2006 (UTC)

Jo a wou leeft d'Manzebaach op de Fotoen, ech gesi nëmme Fielsen a Grëngs? Den Artikel heescht jo Manzebaach oder net?.Johnny Chicago 23:03, 11 Februar 2006 (UTC)

Dat hunn ech mech och schonns gefrot. Op enger Foto steet souguer "Den Agang an d'Manzebaach" Ech gesi weder eng Baach nach e Agank fir dran ze klammen. --Cornischong 23:11, 11 Februar 2006 (UTC)