Diskussioun:Markéierstëft

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Iwwersträich-Stëft": Ech kennen dat Béischt als "Marqueur". Dat Wuert hei hunn ech nach ni a mengem Liewen héieren oder gelies. Well ech awer eréischt an d'Welt kucken, froen ech léiwer ronderëm mech: Wéi gëtt dat doruechter genannt? --Cornischong 15:14, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

  • Textmarker (de)
  • Highlighter (en)

--Fliedermaus 15:31, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Wéi gëtt dat op Lëtzebuergesch genannt? --Cornischong 15:35, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Den DFL iwwersetzt e mat Marqueur an Textmarker. Les Meloures 15:35, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Wien huet dat Wuert "Iwwersträich-Stëft" schonn eng Kéier héieren oder gelies? (ausser hei!!!) --Cornischong 15:38, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Dat Wuert "Iwwersträich-Stëft" ass mir net bekannt. Ass et net éischter esou datt mat Iwwersträichen versicht eppes ze verdecken wat drënner ass. Hei ass et awer de Contraire. Den Auteur vum Artikel kéint sech jo eventuell mol mëllen a soen wou hien un dat Wuert kent. --Fliedermaus 15:57, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Kéint een dat Déngen net "Markéierstëft" nennen?--Fliedermaus 16:16, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]