Diskussioun:Mathias Even

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

De gudde Mann heescht Even mam Nonumm: http://www.profootball.lu/Navigation+2/Les+Anciens+Internationaux/A_B_C_D_E_F_/Mett+Even.html

"deem säin Numm iwwregens mat engem v geschriwwe gëtt, an net mat engem w, wéi et jorelaang an der Press gemaach gouf".

Den Artikel muss also geréckelt ginn. Merci. -- 188.115.13.120 19:23, 19. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Bonjour,
Op der Internetsäit: http://www.fussball-lux.lu/Nationalspielera.html steet dee Mann mam Numm Matthias Ewen op der Lëscht vun de Spiller vun der Nationalequipe an op deem selwechte Site op der Säit http://www.fussball-lux.lu/BuchstabeE.html gëtt et zwar eng Rei Spiller déi Even heeschen mä keen dee Mett oder Mathias heescht. Op där vun Iech ernimmter Internetsäit zweemol den Numm EWEN geschriwwe gëtt an zwar ënnert der Foto: Lëtzebuerg - Polen 0-0 16.4.1967 Mett Ewen 5. vu riets a ganz ënnen op der Säit: Juli 2009 / Challenge Mathias Ewen / Swift Hesper. An och op den zwee Siten http://www.footballdatabase.eu/football.joueurs.mathias.ewen.104019.fr.html an http://eu-football.info/_player.php?id=5670 steet den Numm Ewen, dofir wollt ech et elo emol esou maachen, wéi och an anere Fäll wou zwou oder méi Variante vun Nimm vu Leit dorëmmer geeschteren, andeems am Artikel déi zwou Varianten dra stinn bis mir eng Quell hunn déi ganz eendeiteg ass (Bsp. Kopie vun der Foussballslizenz, ...) mat beschte Gréiss --Robby 22:04, 19. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]